Ensemble vocal du Luxembourg

Den Ensemble vocal du Luxembourg (kuerz EVL) ass e gemëschte Kammerchouer mat ongeféier 24 Sängerinnen a Sänger, deen 1991 vum Pierre Cao an d'Liewe geruff gouf. De Chouer huet sech zu engem vun de féierenden Ensembelen aus der Groussregioun entwéckelt an hat zanter senger Grënnung méi wéi 200 Optrëtter. Säit 2012 ass de Jean-Philippe Billmann permanente Chef a kënschtleresche Leeder vum EVL.

De Repertoire vum Chouer ëmfaasst all Epoche vun der Chouerliteratur, vun der aler Musek iwwer romantesch Chouerwierker bis hin zu Uropféierunge vun zäitgenëssescher Musek. E besonnesche Schwéierpunkt vum Chouer läit bei Wierker vum 20. Joerhonnert. D'Programmer vum EVL falen duerch hir inhaltlech Geschlossenheet op, woubäi den Zesummenhank vun de Wierker dacks duerch textlech Aspekter hiergestallt gëtt.

Den EVL féiert och oratoresch Wierker op, wéi Die Schöpfung vum Joseph Haydn, Messiah vum Georg Friedrich Händel, h-Moll-Messe vum Johann Sebastian Bach. Ausserdeem huet den Ensembel zesumme mam Bachchor Mainz de Requiem vum Giuseppe Verdi, mam Choeur National du Luxembourg Elias vum Felix Menselssohn-Bartholdy, mam Chœur de l'Opéra national de Lorraine vun Nanzeg Alexander Newski vum Sergei Prokofiew opgefouert.

Den EVL trëtt reegelméisseg bei de wichtegste Festivallen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun op.[1] Den EVL gëtt vum Kulturministère finanzéiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. pizzicato.lu: Ensemble Vocal du Luxembourg feiert 25. Geburtstag (26. September 2016)