Emocore (Musek)

Musekgenre

Emocore ass eng Musekrichtung, déi op Hardcore punk baséiert. Se huet sech an de fréien 1980er Joren entwéckelt an entwéckelt sech zanter deem a verschiddene Richtunge weider. Dacks gëtt dës Musekrichtung och nach Emocore genannt, wouduerch méi staark d'Gefiller wéi Trauer a Verzweiwelung an de Liddtexter betount ginn. Emocore zeechent sech duerch Texter aus, wou et haaptsächlech ëm d'Léift a Frëndschaft geet.

Den Ursprong vun der Entwécklung vum Emocore waren deemools Punkbands wéi Rites of Spring, Embrace a Fugazi. De verkierzten Numm Emo soll op eng méi staark Emotionalitéit an der Musek hiweisen. Dacks gëtt allerdéngs d'Musekrichtung fälschlecherweis mat der Moudesubkultur Emo verwiesselt.

Klang änneren

Emocore ass eng Form vum Hardcore punk. Uganks huet se aus enger Mëschung aus haarden, verzerrte Gittaren a "punkegen" Drums bestanen. Wëll a séiergespillte Parts wiesselt e sech mat méi luesen a rouegen of. D'Musek gouf mat enger Mëschung aus Gesank a Gejäitz begleet. Wärend de fréieren Emocore musikalesch wéi och ideologesch staark an der Hardcorebeweegung verwuerzelt war, weist de modernen Emocore eng Abberzuel vu friemen Aflëss op, ë. a.: Metal, Singer-Songwriter, Pop an Rock- souwéi Indierock-Elementer. De modernen Emocore ass klanglech sou divergent, datt eng exact Kategoriséierung net méiglech ass.

Emocore an Emo änneren

Opgepasst: De Begrëff Emo bezeechent hei d'musikalesch Aspekter. Kuckt dofir och den Haaptartikel Emo (Moudesubkultur)!

Eng Ënnerscheedung tëscht Emocore an Emo ass schwéier méiglech. Sécher ass awer, datt Emo aus dem Emocore entstanen ass. Huet ee fréier nëmme vun Emocore geschwat (gemengt war dann net méi wéi emotionalen Hardcore), sou ass de Begrëff haut "aus der Moud" komm a gouf bal iwwerall duerch de Begrëff Emo (och am Bezuch op déi fréi 1980er) ersat. Emo beschreift déi staark mat der Musek verbonnen Iddien an Astellungen. De Museksstil "Emo" gëtt haut och als eng méi opgeweeschte Form vum Emocore gesinn, meeschtens vermëscht mat Indie-Pop-Aflëss, woubäi d'"core"-Elementer dack ganz verschwannen.

Liddtexter änneren

Och wann dacks behaapt gëtt, datt d'Texter meeschtens vu verblitte Léiften, Verrot duerch Frënn oder Frëndschaft am Allgemengen, Trauer an Doud handele géif an dofir melancholesch, desillusionéiert wierken, sou gëtt et awer och Ausnamen. Och Politik oder aktuell Theeme kënnen am Mëttelpunkt vun de Songs stoen. Am groussen Ganze spillt virun allem d'textlech Emotionalitéit eng zentral Roll.

Bandnimm änneren

Dacks bestinn d'Bandnimm aus enger gudder Rëtsch Wierder, wéi wann en Deel aus engem Saz gerappt wier. Beispiller heifir wieren (Monday in London, Funeral For A Friend, Story of the Year, Hot Water Music oder From Autumn To Ashes). Vill "typesch" Emocore-Bandnimm bestinn awer och aus Fraenimm (Hey Mercedes), Dagesnimm (Thursday, Tuesday, Taking back Sunday) oder Nimm vun Uertschaften (Texas is the reason). Et kann och mol virkommen, datt déi eenzel Wierder aus deene den Numm zesummegesat ass, an engem Zock geschriwwe ginn (boysetsfire).

Screamo änneren

Screamo gëllt als den eenzegen Emo-Subgenre. Fräi iwwersat bedeit et "Jäitz-Emo" an ass méi eng extreem Form vum Emocore.

Entstane sinn déi meescht Screamo-Gruppen em d'Enn vun den 1980er respektiv uganks den 1990er Joren. Et ass unzehuelen, datt et eng Aart Reaktioun op den neien, indierockgeprägten Emo duerstelle sollt.

Zu den Ursprongsplaze gi virun allem d'kalifornesch Westküst an New York gezielt, wat virdrun Héichbuerge vum Hardcore waren. Als wichtegst Vertrieder sinn Orchid, Envy, Yage a Funeral Diner ze nennen.

Musikalesch gesi benotzt de Leadsänger eng Mëschung aus Jäitzen a Bläre vun emotionalen Texter, déi tëschenduerch awer op eng clean Manéier gesongen oder geschwat ginn. Am Géigesaz zum normalen Emocore, wou een éischter zum cleanen wéi zum gejautem Gesank tendéiert, gëtt beim Screamo also heidrop Wäert geluecht.

D'Lidder wierke chaotesch, woubäi eng kloer Songstruktur mat Refrain, Strophen etc. dacks net z'erkennen ass. Dobäi léisst sech eng gewëssen Änlechkeet zum Grindcore erkennen.

Bands änneren

1980er Joren änneren

1990er Joren änneren

Ufank vum 21. Joerhonnert änneren

Lëtzebuerger Bands änneren

Hei eng Lëscht vu Lëtzebuerger Bands, déi ganz oder deelweis dem Emocore zougeschriwwe ginn:

Um Spaweck änneren

Commons: Emo – Biller, Videoen oder Audiodateien