Emile Antony

lëtzebuergesche Foussballspiller

Den Emile Antony, gebuer den 22. Juni 1943 zu Esch-Uelzecht[1], ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller.[2]

Emile Antony
Gebuer 22. Juni 1943
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Veräin/Ekipp Jeunesse Esch

Hien huet den 31. Mäerz 1968 fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an an deem Match géint Frankräich 1 Gol geschoss.[1]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Emile Antony op der Websäit vun European Football
  2. Den Emile Antony op der Websäit Weltfussball.de