D'Elisabeth Pfluger, gebuer den 21. Oktober 1919 zu Härkingen, ass eng schwäizeresch Schrëftstellerin a Seeërchessammlerin.

Elisabeth Pfluger
Gebuer 21. Oktober 1919
Gestuerwen 2. Mee 2018
Nationalitéit Schwäiz
Aktivitéit Schrëftsteller

Zanter si an d'Schoul gaangen ass huet si Zeien a Form vu Bicher aus der Vollekskultur vum Kanton Solothurn, besonnesch Seeërcher, Anekdoten a Spréchwierder gesammelt, déi si dann an Aufsätz an a Bicher verëffentlecht huet.

Si huet och vun 1983 bis 2005 de Solothurner Kalender erausginn. Si war bis 1949 Léierin zu Neuendorf SO an duerno an der Stad Solothurn.

Iwwer hiert Buch Solothurner Sagen dat am Joer 1972 erauskoum seet de solothurnesche Landammann Franz Josef Jeger, datt et hir domat gelonge wier de räiche Seeërchespatrimoine vum Solothurner Vollek virum Vergiessen ze retten.

No dësem éischte Seeërchesband schreift si 1984 d'Solothurner Geschichten, 1986 d'Solothurner Geistersagen, an 2004 an der Schrëfterei Settigi Sache gids vun der Zentralbibliothéik Solothurn nach e Band mat Geeschtergeschichten an aneren onheemleche Seeërcher.

D'Elisabeth Pfluger sammelt och al solothurnesch Lidder an Dänz.

Wierker (Auswiel) änneren

Präisser änneren

  • 1981 Kulturpreis des Kantons Solothurn
  • 2001 Preis der Pro Wartenfels

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren