Eisebunnsstreck Signeulx-Gorcy

D'Eisebunnsstreck Signeulx-Gorcy war en internationalen Ofleeër vun der belscher Athus-Meuse Streck. Si hat hiren Uschloss an der belscher Gare vu Signeulx, an huet vun do aus a Frankräich bis op Gorcy an der Meurthe-et-Moselle gefouert.

D'Streck déi 4,8 km laang war, huet nëmmen dem Giddertranspert gedéngt an d'Konzessioun huet de Forges de Gorcy gehéiert.

Wéi d'Atelieren zu Gorcy an den 1980er Joren zougemaach hunn, war och fir d'Eisebunnsstreck den Aus komm.