Eilean Donan
Insel a Schottland
Eilean Donan ("Donnán-Insel") ass eng kleng Insel, am Weste vun de Schotteschen Highlands, do wou de Loch Duich, de Loch Long an de Loch Alsh zesumme kommen. S'entsteet bei Flut a se läit ronn 1 Kilometer baussent dem Duerf Dornie. Se gëtt vun enger Buerg dominéiert déi e beléift Motiv fir Filmer a Fotoen ass.
Eilean Donan | |
---|---|
Geographie | |
Land | Vereenegt Kinnekräich |
Gehéiert zu | Bannescht Hebriden |
Koordinaten | 57°16'26"N, 5°30'58"W |
Verwaltung | |
Verwaltungseenheet | Highland |
Demographie | |
Aner Informatiounen | |
Zäitzon | UTC±0 |
D'Insel gouf no engem keltesche Märtyrer an Hellege genannt, dem Donnán vun Eigg (gestuerwen 617), deen do eng Kierch gestëft soll hunn, ma vun där haut keng Spuere (méi) ze fanne sinn. D'Buerg gouf am 13. Joerhonnert opgeriicht, iwwer d'Joerhonnerten ausgebaut a vergréissert, ier se 1719 zerstéiert gouf. Zanter se am fréien 20. Joerhonnert restauréiert gouf, verbënnt eng Foussbréck d'Insel mam Festland.
Biller
änneren-
D'Insel mat der Buerg
-
Loftvue vun Eilean Donan
Um Spaweck
ännerenCommons: Eilean Donan – Biller, Videoen oder Audiodateien |