Eech um Engelshaff

Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg

D'Eech um Engelshaff ass eng Summer- oder Wantereech (Quercus robur oder Quercus petraea), déi beim Engelshaff bei Iernster an der Gemeng Nidderaanwe steet. Se steet an enger klenger Sank, nieft enger Kapell. D'Kroun ass onsymmetresch opgebaut: zum Hank hi strecke sech déi ënnescht Äscht breet an horizontal aus, zum Wee hi goufe se gekierzt.

Eech um Engelshaff
D'Eech, d'Kapell an den Engelshaff (2008)
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Nidderaanwen
Plaz Iernster
Adress Rue Engelshaff
Koordinaten 49°40'27,05"N, 6°15'29,48"O
Bamaart Eechen
Héicht 15,3 m (2023)
Duerchmiesser 1,51 m (2023)
Ëmfang 4,74 m (2023)
D'Eech um Engelshaff (Mäerz 2008).

Den Alter vum Bam gëtt op ronn 200 Joer geschat[1]. Wéinst hirem Alter an der Plaz wou se steet, gehéiert dës Eech zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

D'Kapell an d'Eech gehéieren zum Engelshaff, sinn also a Privatbesëtz. Déi eelst schrëftlech Erwänung vum Engelshaff geet op 1526 zeréck. Donieft gëtt et Hiweiser datt do schonn am 15. Joerhonnert en Haff stoung. Op der Ferraris-Kaart vun 1777 gëtt den Haff als Cense de Engels Haff bezeechent.

Entwécklung vum Bam änneren

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer  [2]    
1980 4,60 1,46
≈2000 5,00 1,59 16,00
2023 4,74 1,51 15,3

1981 gouf dës Eech als deen 20. déckste Bam am Land gefouert.

Quellen änneren

  • Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0 (Cf. S. 118-119, Text a Foto).
  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 34-35, Text a Foto).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. Tabelle S. 46 an 163; keng Beschreiwung an och keng Foto vun dësem Bam heiran).

Kuckt och änneren

Lann beim Kierfecht zu Hueschtert

Fotoalbum änneren

 
De Stamm vun der Eech. Den Engelshaff am Hannergrond.

Um Spaweck änneren

Commons: Eech um Engelshaff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg, 2023
  2. op Broschthéicht gemooss