Den Edy Dublin oder Edouard Dublin gebuer den 9. Februar 1943 zu Éimereng ass ee fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller.[1]

Edy Dublin
Gebuer 9. Februar 1943
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Mëttelfeldspiller
Veräin/Ekipp US Munneref,
C.A. Spora Lëtzebuerg,
FC Aris Bouneweg,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Hien huet eréischt mat 17 Joer ugefaange Foussball ze spillen, bei der US Munneref. Hien huet bis 1967 bei der US Munneref gespillt. Mat sengem méi ale Brudder Marcel, a mat sengem Cousin Jos huet hie Munneref bis an d'Nationaldivisioun geféiert. Den deemolege Nationaltrainer Robert Heinz ass op en opmierksam ginn, a sou huet den Edy Dublin de 27. Mee 1965 säin éischte Match fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp géint Norwege gespillt, wou en och e Gol geschoss huet (de Match ass dunn awer 2:4 verluer gaangen). Bis den 10. Mäerz 1970 huet den Edy Dublin an 28 Matcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp 3 Goler geschoss.[2]

No der Saison 1967/68 huet hie seng Profiscarrière beim neigegrënnten AS Nancy-Lorraine, wou e bis 1971 gespillt huet. 1970 ass den AS Nancy an déi éischt franséisch Liga opgestigen. Hie war vun 1971 bis 1973 beim FC Mulhouse an du bis 1977 beim RS Besançon. An der Saison 1977/78 war hien nees zeréck zu Lëtzebuerg bei der Spora Lëtzebuer an duerno bis 1981 bei der Aris Bouneweg.[3]

Den Edy Dublin wunnt zu Réimech, ass bestuet an huet zwéi Bouwen déi och Foussball spillen.

Referenzen änneren

  1. Den Eddy Dublin op der Websäit vun der Football Database.eu
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Edy Dublin op der Websäit vun European Football
  3. Den Edy Dublin op der Websäit vun National Football Teams