De Friedrich Wilhelm Eduard von Olberg, gebuer den 20. August 1800 zu Potsdam a gestuerwen de 5. Juni 1863 zu Berlin, war e Generolmajouer vun der preisescher Arméi.

Eduard von Olberg
Gebuer 20. August 1800
Potsdam
Gestuerwen 5. Juni 1863
Aktivitéit Saachbuchauteur, Iwwersetzer

Den Eduard von Olberg ass 1815 an d'preisesch Arméi agetrueden. Hie war bei verschiddene Schluechten dobäi, dorënner déi vu Ligny, Avensnes, Compiègne, asw., an huet eng Carrière an der Arméi gemaach.

1852 gouf hie Member vun der Militärverwaltung vu Lëtzebuerg. De 17. Juni 1855 gouf hien zum Kommandant vun der Festung Lëtzebuerg ernannt a gouf den 12. Juli vun deem Joer zum Generolmajouer nominéiert. 1858 gouf hie pensionéiert.

Auszeechnungen änneren

Quellen änneren

  1. [1] COURRIER DU GRAND-DUCHÉ DE LUXEMBOURG]. Gekuckt de(n) 22 Januar 2022.