Edmond Gutenkauf
lëtzebuergesche Fechter
Den Edmond Gutenkauf, genannt Eddi, gebuer de 6. Februar 1928 zu Ettelbréck, ass e fréiere lëtzebuergesche Fechtmeeschter an Olympionik.[1]
Edmond Gutenkauf | |
---|---|
Gebuer |
6. Februar 1928 Ettelbréck |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Fechter |
Gréisst | 180 cm |
Gewiicht | 72 kg |
Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1960 |
Den Eddi huet eng Parti vu senger Jugend bei sengem Monni zu Biekerech verbruecht an hat op der Nidderpallener Millen eng Frellenzichterei ugefaangen déi spéider an de Besetz vun der Famill Kieffer gaangen ass. Duerno hat hien d'VW-Vertriedung zu Angelduerf.
De Gutenkauf war dräimol lëtzebuergesche Landesmeeschter am Deegefechten (1958, 1961 an 1963) a war 1960 bei den Olympesche Spiller zu Roum mat dobäi.[2]