Echium candicans
Echium candicans ass eng Planzenaart aus der Gattung Echium bannent der Famill vun de Boraginaceae. Si ass endeemesch op Madeira.
Echium candicans | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Ënnerräich | Tracheobionta |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Asteriden |
Uerdnung | Euasteriden I |
Famill | Boraginaceae |
Gattung | Echium |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Echium candicans | |
L. f. | |
Do wiisst se relativ heefeg an enger Héicht vu ronn 800 bis 1200 Meter am zentralen Deel vun der Insel, op der ieweschter Vegetatiounslimitt vum Lorberbësch an enger oppener, heedaarteger Vegetatioun.
Echium candicans wiisst als 1 bis 2 Meter héijen Trausch, deen dacks eng kandelaberaarteg Form huet. D'Bléiestänn sëtzen net um leschte Schotz, ma un deene vun der Säit. D'Schuel ass wäisselzeg a bliedert of wéi Papeier. D'Bliedeer si lang a spatz, a kënne bis zu 25 Zentimeter laang a vun 2 bis 4 Zentimeter breet ginn. Déi ënnescht Blieder si méi wéi fënnefmol sou laang wéi déi iewescht.
D'Bléizäit ass vun Abrëll bis August.
Um Spaweck
ännerenCommons: Echium candicans – Biller, Videoen oder Audiodateien |