Den Ebrahim Raisolsadati (Persesch: ابراهیم رئیس‌الساداتی), gebuer de 14. Dezember 1960 zu Maschhad, am Iran, a gestuerwen den 19. Mee 2024 bei Ūzī, international éischter bekannt als Ebrahim Raisi (Persesch: ابراهیم رئیسی, englesch och Ebraheem Raeesi), war en iranesche Jurist a Politiker. Hie war vum August 2021 bis zu sengem Doud bei engem Helikopteraccident am Mee 2024, den 8. President vum Iran. Hien huet als ultrakonservativ gegollt.

Ebrahim Raisi
Gebuertsnumm ابراهیم رئیس‌الساداتی
Gebuer 14. Dezember 1960
Gestuerwen 19. Mee 2024
Nationalitéit Iran
Aktivitéit Politiker

Den Ebrahim Raisi huet mat 20 Joer, zwee Joer no der Islamescher Revolutioun, eng Karriär als Procureur ugefaangen a war ë.a. mat veratwortlech fir d'Massenexekutioune vu politesche Prisonnéier, am Joer 1988.

Vun 1994 bis 2004 war hie President vum staatleche Generalinspektiounsbüro, dono bis 2014 éischten delegéierte Chefriichter vum Iran. Vun 2012 u war hie Procureur um Spezialgeriicht fir Geeschtlechkeet. 2014 gouf en fir zwee Joer Procureur général vum Iran. Vun 2009 bis 2019 war de Raisi offiziell Chefriichter vum Iran. Hie war ausserdeem ë. a. vun 2012 bis 2016 President vum Conseil de gouvernance vum iranesche Radio an Televisioun.

Den 18. Juni 2021 huet hie mat knapps 62 Prozent vun de Stëmmen d'Presidentschaftswale gewonnen a gouf den 3. August Nofollger vum Hassan Rohani.

Den 19. Mee 2024 ass hie e bei engem Accident mat engem Helikopter, deen an déckem Niwwel erofgefall war, an an deem nach 7 aner Leit waren, dorënner den Ausseminister, déidlech verongléckt.

Den Ebrahim Raisi war mat der Dschamileh Alamolhoda, enger Unisprofessesch, mat där en zwou Duechteren hat, bestuet.

Literatur

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Ebrahim Raisi – Biller, Videoen oder Audiodateien