Eberswalde (Marskrater)
De Krater Eberswalde ass en Aschlagkrater um Planéit Mars. Hien ass eent vun de wichtegsten Zilgebidder fir d'Sich no Liewensspueren um Mars, well Reschter vun engem Flossdelta a senger Mëtt fonnt goufen. Den Eberswalde-Krater läit op der Südhallefkugel vum Planéit bei 24° Süd an 33° West. E krut säin Numm vun der Stad Eberswalde a Brandenburg. Hie gouf vum Michael C. Malin a Ken Edgett entdeckt.
Eberswalde (Marskrater) | |
---|---|
Eegenschaften | |
Regioun | Argyre-Becken |
Koordinaten | 24° S, 33° W |
Duerchmiesser | 63 km |
Entdecker | Michael C. Malin a Ken Edgett |
Genannt no | Eberswalde am Bundesland Brandenburg |
De Krater ass liicht elliptesch, mat engem Duerchmiesser vu 65 Kilometer. Marsfuerscher wéi z. B. den Timothy Parker vum kaliforneschen Jet Propulsion Laboratory huelen un, datt säin Nopeschkrater, den Holden-Krater, an d'Argyre-Aschlagbecke fréier duerch e Floss verbonne waren. Deemno stoung am 900 Kilometer groussen Argyre-Becke viru Milliarde Joren de Waasserpegel kilometerhéich – bis d'Fluten iwwergelaf an no Norden ofgefloss sinn. Dat gewaltegt Flosssystem soll iwwer den Equator eraus bis an den Ares Valles gereecht hunn, wou am Summer 1997 d'Nasa-Sond Mars Pathfinder an engem ausgedréchenten Iwwerschwemmungsgebitt erofgoung.
D'Hypothes vun deem gewaltege Floss – en hätt selwer den Nil u Längt iwwertraff – ass ëmstridden. D'Existenz vu flëssegem Waasser a verschiddenen Deelberäicher vum virgeschloene Laf gëtt dogéint gréisstendeels akzeptéiert. No dëse Virstellungen huet fréier e Séi den Eberswalde-Krater gefëllt. Gestengs a Buedemmaterial sinn iwwer e System vun Zouflëss an de Séi koum a goufen do ofgelagert. Am Mëndungsberäich hunn d'Sedimenter dat nostréimend Waasser behënnert. Ëmmer nees huet sech de Floss un Obstakele gespléckt. D'Delta am Eberswalde-Krater gouf, geneesou wéi den Holden-Krater, als méiglecht Landegebitt vun der amerikanescher Missioun Mars Science Laboratory (MSL) "Rover Curiosity". Ausgewielt gouf um Enn awer de Gale-Krater.
Literatur
änneren- Thorsten Dambeck: Der Nil des Roten Planeten. In: Astronomie heute, Mäerz 2008, Säit 45–48
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Eberswalde crater – Biller, Videoen oder Audiodateien |