Europäesche Raumfaartsécherheets- a Bildungszentrum

(Virugeleet vu(n) ESEC)

Dat Europäescht Raumfaartsécherheets- a Bildungszentrum, kuerz ESEC (vu "European Space Security & Education Centre"), fréier bekannt ënner dem Numm Station Redu, ass eng ESTRACK-Funkstatioun vun der Europäescher Weltraumorganisatioun (ESA) fir d'Kommunikatioun mat Raumgefierer. D'Standplaz läit ronn ee Kilometer vum Duerf Redu an der Belsch ewech. D'Buedemterminaler bidden Tracking-Funktiounen am C-Band, L-Band, S-Band, Ku-Band a Ka-Band souwéi In-Orbit-Tester vun Telekommunikatiounssatellitten. Den ESEC ënnersteet direkt dem Europäesche Raumfluchkontrollzentrum vun der ESA.

ESTRACK Statioun zu Redu, Belgsch

Geschicht änneren

Déi éischt Antenne goufen 1968 installéiert, fir datt d'ESA hir Satellitte kontrolléieren a mat hinne kommunizéiere kann. Haut huet d'Statioun iwwer ronn zwanzeg Dateniwwerdroungs- an Empfangsantennen.

D'Infrastruktur vun der ESA an den Ardennen ass enk mat bemannte Missiounen zu der Internationaler Raumstatioun (ISS) souwéi fir d'Implementéierung vum Galileo-System verbonnen. Duerch de geostationäre Satellit Artemis, deen Daten am S- a Ka-Band weiderleet, ass hien an der Lag, d'Manöver vum europäeschen Automated Transfer Vehicle (ATV) souwuel beim Undocke wéi och beim Ofdocken an Neesantrëtt "live" z'iwwerwaachen.

Zanter 2014 fannen zu Redu Aktivitéiten am Beräich vun der Weltraum-Cybersécherheet a Bildung vun der ESA statt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren