Dueljant (Дуэлянт, Den Duellant) ass e russesche Spillfilm vum Regisseur Alexei Misgirjow[1]. En hat seng Première den 9. September 2016 um Toronto International Film Festival a koum den 29. September 2016 a Russland an d'Kinoen[2]. De Genre ass Aktiounsfilm, Drama a Film noir[3],[4],[5].

Dueljant
Film
Produktiounsland Russland
Produktiounsjoer 2016
Première 29. September 2016
Dauer 110 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Russesch
Ekipp
Regie Alexei Misgirjow
Dréibuch Alexei Jurjewitsch Misgirjow
Musek Igor Wdowin
Schnëtt Maxim Ossadtschi
Produzent Non-Stop Productions
Columbia Pictures
Schauspiller
Pjotr Fjodorow
Wladimir Maschkow
Franziska Petri
Julija Chlynina
Pawel Tabakow
Martin Wuttke
Sergei Garmasch
Juri Kolokolnikow
Alexander Jazenko
Juri Kusnezow
an anerer
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

De Budget louch bei 725 Millioune Rubelen (ëm 10,4 Milliounen Euro). Zirka 1,42 Millioune Leit sinn de Film an de Kino a Russland kucke gaangen[6].

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Film spillt am Sankt Péitersbuerg vum Joer 1860. De fréieren Offizéier Jakowlew verdéngt seng Suen domat, datt en amplaz vun anere bei Dueller deelhëlt. Dueller waren zu där Zäit zwar illegal a Russland, awer et huet keen e Su op dat Gesetz ginn, an den Éierekodex vun Dueller huet et erlaabt datt en Duellant sech vun engem anere vertriede léisst.

Duerch Flashbacker gëtt ee gewuer, datt en aleutesche Schaman dem Jakowlew virausgesot huet, datt deen ni stierwe géif, an effektiv gewënnt en een Duell nom aneren.

Schliisslech stellt sech eraus, datt dem Jakowlew seng rezent Dueller alleguerten hannerwands vum Grof Beklemischew arrangéiert goufen. An dem Grof seng nei Begeeschterung gëllt der räicher Ierwin vum Fierschtenhaus Tutschkow. Deer hire Brudder hält de Grof fir e gewéinleche Brigang a Gaacheler, a sou kënnt et datt de Grof de Prënz Tutschkow an en Duell lackelt, dat e géint de Jakowlew bestoe soll.

Dem Grof guer net an de Krom passe kann et dobäi, datt de Jakowlew ufänkt selwer vun der Prinzessin Tutschkowa ugezunn ze ginn, an duerch e weidere Flashback gëtt ee gewuer datt de Jakowlew och nach ganz aner eegen Ambitiounen huet.

Referenzen änneren

  1. http://deadline.com/2016/10/miss-peregrine-deepwater-horizon-ms-dhoni-untold-story-india-lord-china-finding-dory-bridget-jones-baby-overseas-weekend-results-international-box-office-1201829684/
  2. http://www.imdb.com/title/tt5282006/releaseinfo?ref_=tt_ov_inf
  3. http://www.hollywoodreporter.com/review/duelist-review-929322
  4. https://daily.afisha.ru/cinema/2768-duelyant-alekseya-mizgireva-samyy-intriguyuschiy-rossiyskiy-film-goda/
  5. Archive copy Archivéiert op 2017-02-02. Gekuckt de(n) 2016-10-16.
  6. https://www.kinopoisk.ru/film/840234/