Als Dudetown gëtt a bestëmmte Kreesser d'Stad Diddeleng bezeechent. Mä Dudetown ass net nëmmen eng Stad, Dudetown ass eng Gemeinschaft vu Jugendlechen a Leit déi sech jonk fillen. Se verstännege sech a verschiddene Sproochen, sief et Musek (Eternal Tango z. B.), sief et Sport (ob et elo z. B. Skaten oder Handball ass), sief et eng aner Ausdrocksweis (verschidde Forme vu Konscht, wéi z. B. Fotografie).

Parc and Ride Schmelz

Dudetown ass e Liewensgefill, nämlech e Gefill vun Zougehéieregkeet, Zesummenhalt a géigesäitegem Respekt. Hei lieft ee gutt an et léisst een déi aner och liewen.

D'Dudetown-Generatioun kann een als engagéiert bezeechnen, an dat net zulescht duerch vill Projeten, déi verschidde Jugendlecher an Zesummenaarbecht mat der Gemeng op d'Bee gesat hunn, notamment de Parc and ride, och bekannt als Skatepark "Schmelz".

Um Spaweck änneren