Droit pénal général (Lëtzebuerg)
(Virugeleet vu(n) Droit pénal général)
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksiichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen! |
Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediakrittäre fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn. Grond: Sprooch, Sazbau an Orthographie |
Den Droit pénal général (DPG) leet déi allgemeng Reegelen a Prinzippien vum Strofrecht fest[1].
Den Droit pénal général steet geschriwwen am Buch I vum Code Pénal an ënnerscheet sech vum Droit pénal spécial (DPS) aus dem Buch II, deen déi eenzel Strofdoten définéiert an hir individuell Strofe festleet.
Den Droit pénal général beschäftegt sech mat follgenden Themen:
- D'Klassifikatioun vun de Strofdoten an Iwertriedungen, Vergehen a Verbriechen;
- Kategorisatioun vun de Strofen;
- Legalitéitsprinzip;
- "Eléments constitutifs" vun enger Strofdot;
- De strofbare Versuch, d'Recidive, d'Komplizeschaft, de Concours vu Strofdoten, d'Enschëllegungsgrënn, d'Strofmëlderungsgrënn, d'Stroferschwéierungsgrënn, asw.
Um Spaweck
änneren- Jurisprudenzen am Beräich vum Droit Pénal Général op Justice.lu
- De lëtzebuerger Code Pénal um Legilux
- Jean-Luc Putz, Interprétation du droit pénal luxembourgeois, am PDF Format
Referenzen
änneren- ↑ SPIELMANN Dean, Droit pénal général luxembourgeois, 2e édition, Bruylant, 2002 (ISBN 9782802716044)