Dräikinnekssangen
Dräikinnekssangen ass e Brauch, dee besonnesch an däitschsproochege Géigenden ze fannen ass, bei deem op Dräikinneksdag dräi Leit (meeschtens Kanner), déi als helleg dräi Kinneke verkleet sinn, vun Dier zu Dier fir e Gudden Zweck heesche ginn.
D'Dräikinnekssange geet zeréck op d'Matthias-Evangelium 2,1, wou vun dräi "Stärendeiter" rieds geet, déi am Laf vun der Zäit zu "Kinneken" ëmgediebelt goufen.
Geschichtlech ass de Brauch zanter dem 16. Joerhonnert beluecht[1]. Dat geet och aus enger Handschrëft vu Biberach ervir déi op déi Zäit datéiert ass[2].
Dräikinnekssänger
ännerenD'Dräikinnekssänger gi vun hirer Par erausgeschéckt, a sangen de Leit,déi hinnen opmaachen, e Lidd oder soen e Gedicht oder e Gebiet op. Nodeem se Sue kruten, schreiwe se iwwer d'Dunn vun der Dier mat Kräid hire Seegenswonsch "C+M+B+" an déi jeeweileg Joreszuel mat dräi Kräizer. Am Joer 2023 ass dat 20*C+M+B+23. D'Bedeitung vun de Buschtawen C, M a B gëtt mat "Christus Mansionem Benedicat", "Christus soll dëst Haus seenen", erkläert.
Dräikinnekssangen zu Lëtzebuerg
ännerenZu Keel organiséieren d'Scouten all Joer de 6. Januar en Dräikinnekssangen an de Stroossen.
Um Spaweck
ännerenCommons: Dräikinnekssangen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- ↑ Meisen, Karl, Die Heiligen Drei Könige im volkstümlichen Glauben und Brauch, Köln 1949
- ↑ Lejeune, Carlo, Leben und Feiern auf dem Lande (Die Bräuche der belgischen Eifel) S. 38 ISBN 3-825048-13-8