Donkeyboy ass eng norwegesch Pop-Band vun Drammen, déi 2005 gegrënnt gouf.

Donkeyboy
D'Grupp um "Grillfest" zu Oslo am Joer 2009
Museksgenre Pop, Indie-Pop
Land Norwegen
Grënnung 2005
Websäit donkeyboymusic.no
Aktuell Memberen Cato Sundberg (Gesank, Rhythmusgittar)
Kent Sundberg (Synthesizer, Chouer)
Peter Michelsen (Gittar, Chouer)
Thomas Drabløs (Batterie)
Fréier Memberen Alexander Garborg Ågedal (Bass)

Bandgeschicht änneren

Donkeyboy gouf Ufank 2009 vum Plackelabel Warner Music Norway ënner Vertrag geholl, nodeem en Employé vun der Firma hir Musek um Internetsite MySpace entdeckt hat. Hir éischt Single Ambitions gouf de 26. Mäerz 2009 verëffentlecht, an huet sech direkt op déi 7. Plaz vun den norwegesche Single Charts placéiert. An der 13. Woch, am Juni, huet se d'Spëtzt vun den Charts erreecht an huet déi Positioun 13 Woche laang (mat enger Ënnerbriechung) agehalen. Donkeyboy huet sech schlussendlech selwer als Nummer 1 ofgeléist, well hir zweet Single Sometimes am September Ambitions iwwerholl huet. Och dat Lidd huet sech 8 Woche laang un der Spëtzt gehalen.

Der Band hiren éischten Album Caught in a Life koum den 19. Oktober 2009 eraus. Am November si se mat der Band a-ha an Norwegen an a Groussbritannien op Tour gaangen.

Am Februar 2010 huet Ambitions och déi éischt Plaz an de schweedesche Single Charts erreecht.

2011 ass d'Grupp mam European Border Breakers Award ausgezeechent ginn. 2012 ass hiren zweeten Album Silver Moon erauskomm, vun deem déi éischt Singleauskopplung City Boy et op déi éischt Plaz an den norwegeschen an den däneschen Charts gepackt huet.

Discographie änneren

Albumen änneren

Joer Album Maximal Chartpositioun[1]
NOR SWE DAN
2009 "Caught in a Life" 1 6
2012 "Silver Moon" 2 35
2016 "Lost" 17

Singelen änneren

Joer Lidd Maximal Chartpositioun Album
NOR[2] SWE[3] DAN[4] FIN[5]
2009 "Ambitions" 1 1 Caught in a Life
"Sometimes" 1
"Broke My Eyes" 6
"Awake" 8
"Blade Running" 8
2010 "Stereolife"
2011 "City Boy" 1 1 7 Silver Moon
2012 "Pull of the Eye" 11
"Silver Moon (Bassflow Remakes)"
2013 "Triggerfinger" 9 Lost
2014 "Crazy Something Normal" 13
"Hero"
2015 "Downtown" 18 9
"Lost" 36
2016 "Dollar"
2017 "Kaleidoscope" /
2018 "It'll Be Alright" /
2019 "Think You Should" (feat. Linnea Dale) /
2020 "Kentucky" /

Um Spaweck änneren

Commons: Donkeyboy – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. swedishcharts.com (Album)
  2. norwegiancharts.com (Singles)
  3. swedishcharts.com (Singles)
  4. danishcharts.com (Singles) Gearchiveerd op 2016-03-11. Gekuckt de(n) 2012-06-20.
  5. finnishcharts.com (Singles)