Dong Fang Hong I

chineesesche Satellit

Den Dong Fang Hong I, och bekannt als „China 1“, war den éischten erfollegräiche chineesesche Satellit. E gouf de 24. Abrëll 1970 mat enger Drorakéit vum Typ „CZ-1“ (Chang Zheng 1) gestart. Hie war en Deel vum sougenannten „Dong Fang Hong“-Satellitteprogramm. Mat 173 Kilogramm war en am Verglach zu den éischte Satellitte vun aneren Natioune relativ schwéier. D'Bunnhéicht war 439×2384 Kilometer, d'Bunnschréi war 68,5°. De Satellit hat e Radiosender, dee permanent d'Hymne op de Mao ZedongDen Osten ass rout“ ausgestraalt hat.

Dong Fang Hong I
Den Dong Fang Hong I
Land China
Agentur
Typ Kommunikatiounssatellit
Apogeum 2384 km
Perigeum 439 km
Bunnschréi 68,5°
Mass 173 kg
Bunn-Ëmlafzäit 111,6 min
Start 24. Abrëll 1970
Startplaz Jiuquan
Drorakéit CZ-1
Status aktiv am Orbit

Duerch dësen erfollegräiche Satellittestart gouf d'Volleksrepublik China déi fënneft Muecht, déi en eegene Satellit mat enger eegener Rakéit an eng Ëmlafbunn konnt bréngen. Propagandistesch krut Beijing awer en empfindleche Réckschlag duerch den Erfolleg, dee Japan den 11. Februar 1970 mam Mikrosatellit Ōsumi (12 kg) verbuche konnt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren