Don Kosake Chouer Serge Jaroff
Den Don-Kosake-Chouer Serge Jaroff gouf 1920 vum Serge Jaroff (1896-1985) gegrënnt.
De Jaroff hat säi Chouer zesummegesat aus Don-Kosaken, déi am Exil gelieft hunn. De Männerchouer, dee besonnesch an Europa an an den USA opgetrueden ass, hat e Repertoire vu russescher Volleksmusek.
Den 20. Mäerz 1979, um Jaroff sengem 83. Gebuertsdag, huet säi Chouer de leschte Concert zu Paräis ginn a gouf opgeléist. De 5. Oktober 1985 stierft de Serge Jaroff zu Lakewood am New Jersey (USA).
Dem Jaroff säi Chouer war dee bekanntsten, mä nach laang net deen eenzege Kosake-Chouer.
Aner Don-Kosake-Chéier
änneren- Schwarzmier Kosake-Chouer ënner dem Sergej Horbenko, duerno dem Boris Ledkowsky
- Platoff Don Kosaken ënner dem Nikolas Kostrukoff
- Ural Kosakechouer ënner dem Andrej Scholuch
- Wolga Kosaken
- Don Kosake-Chouer Russland
Um Spaweck
änneren- Eng Chronik vun de Kosake-Chéier
- Biographie vum Michael Minsky
- Trailer vun der neier DVD vum Don-Kosake-Chouer Serge Jaroff
- DVD Don Cossack Choir Serge Jaroff, SLAVA! nr. 2013, (2012)
- Видео записи выступлений Донского казачьего хора Сергея Алексеевича Жарова