Dominique Zimmer

lëtzebuergeschen Händler a Politiker

Den Dominique Zimmer, gebuer de 17. Juli 1753 zu Iechternach an do gestuerwen de 5. Juli 1825, war e lëtzebuergeschen Händler a Gemengepolitiker.[1]

Dominique Zimmer
Gebuer 17. Juli 1753
Gestuerwen 5. Juli 1825
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

Hie war de Fils vum Jean Pierre Zimmer an der Marie Madeleine Campill. Hie war bestuet mat der Catherine Funck an huet an der "rue Haut-Ruisseau" (Iewescht Baach), Nr. 434, gewunnt.[1]

Hie war Buergermeeschter vun Iechternach vum 9. Januar 1798[2] bis den 30. Abrëll 1798, vum 9. Januar 1820[2] bis de 7. Januar 1821, a vum 2. Januar 1823[2] bis den 13. Abrëll 1824.[1]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  2. 2,0 2,1 2,2 Datum vun der Nominatioun.