Dominion Radio Astrophysical Observatory
Den Dominion Radio Astrophysical Observatory (DRAO) ass eng Fuerschungsariichtung, déi am Joer 1960 gegrënnt gouf a südwestlech vu Penticton a British Columbia a Kanada, steet. Um Areal steet en Teleskop fir Interferometer-Radioastronomie an e 26 Meter-Radioteleskop souwéi eng Anlag fir d'Moosse vu solare Radiowellen. Den DRAO gëtt vum Herzberg Institute of Astrophysics, engem Secteur vum National Research Council of Canada bedriwwen.
Interferometer Radioastronomie
ännerenDen DRAO ass mat siwe jee 9 Meter grousse Radioteleskope fir d'Interferometer-Radioastronomie ageriicht, déi iwwer eng Streck vu 600 Meter verdeelt sinn. D'Antenne si mat Einfach- an Duebelempfänger ageriicht a schaffen op enger Frequenz vu 408 a 1420 MHz.
26-Meter-Teleskop
ännerenMam 26-Meter-Teleskop kënnen Observatiounen op de Frequenzen 408 MHz an op 1,5, 2,7, 4,9, 6,6 an 8,4 GHz gemaach ginn. Et kann een och weider op de Frequenze vun 1,4, 1,6 a 6,6 GHz schaffen.
Solar Radiomoossung
ännerenFir d'Moosse vun der solarer Radiostralung benotzt een en Teleskop, dat bei enger Wellelängt vun 10,7 cm schafft.
Ingenieurwëssenschaftlech Laboratoiren
ännerenAn deene Laboratoirë ginn nei Empfangstechniken erfuerscht, erprouft a gebaut. Dozou zielen Empfänger an aner Komponenten, déi fir d'Radioastronomie vu Bedeitung sinn. Speziell Projeten déi an deene Fuerschungsariichtunge gemaach goufen, sinn haut e puer Deeler vum Ekipement vum Very Large Array an New Mexico, souwéi vum James Clerk Maxwell Telescope op Hawaii.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren