Diskussioun:Wëllkar
Leschte Kommentar: viru(n) 3 Joer vum Christian Ries
Gudde Mëtteg, ech hunn elo grad gemierkt, datt Wëllkar um LOD männlech ass, mä am Luxemburger Wörterbuch neutral. Wéi gesidd dir dat? Ech hunn och eng Ufro beim LOD gemaach.
MbG Christian Ries (Diskussioun) 12:10, 10. Feb. 2021 (UTC)
- Salut,
- Wann et de Reegele vun den zesummegesate Wierder nogeet, misst et neutral sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 14:25, 10. Feb. 2021 (UTC)
- De Les Meloures huet et bekäppt :). --Soued031 (Diskussioun) 16:01, 10. Feb. 2021 (UTC)
Moien, ech krut vum LOD folgende Message:
- den Artikel gouf am LOD adaptéiert: https://www.lod.lu/?WELLKAR1
- Merci a mat beschte Gréiss, Ekipp LOD
Deemno ass Wëllkar e sächlecht Substantiv.