Diskussioun:Vereent Natiounen

Leschte Kommentar: viru(n) 11 Joer vum 87.66.222.128

Salut! Misst et net <<vereenegt>> heeschen? Oder reent et do esou vill? Bis soss, Alain.

Salut Alain. Nee, do reent et net esou vill, soss géinge se Verreente Natiounen heeschen. Et handelt sech heibäi net ëm eng Eenegung vun den Natiounen mee ëm eng Eenheet un Natiounen. Vereenegt Natiounen ginn et net. cf. op Däitsch: Op der aanerer Säit vun der Musel seet ee jo och Vereinte Nationen an net Vereignite Nationen (a scho guer net Verregnete Nationen). ;-) ––213.194.42.100 07:58, 5. Sep. 2013 (UTC)Äntweren

Moien Alain,
Fir et einfach a grammatikalesch ze soen, vereent ass de Participe II vu vereenen. Et gëtt e lëtzebuergescht Verbebuch an deem sou Saache drastinn. --87.66.222.128 12:37, 14. Sep. 2013 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Vereent Natiounen".