Diskussioun:Secondairesschoulen zu Lëtzebuerg
Untitled
änneren"Schoulen zu Lëtzebuerg" a "Lëtzebuerger Schoulen" (ofgesinn dovunner, datt et "lëtzebuergesch" misst sinn) ass eppes komplett Aneres. An där enger wieren déi franséisch- oder engleschsproocheg "Lycéeën" dran an där aner net. --Cornischong 09:32, 6 August 2006 (UTC)
- Et feelt nach den sougenannten Neien Lycée. Gloooooo 22:20, 26 August 2006 (UTC)
- Da hues de ganz Recht. Da fletsch en dran. --Cornischong 22:28, 26 August 2006 (UTC)
Wéi ass et mat der Fräi-Öffentlech Waldorfschoul Asbl? Déi huet dach e Secondaire? --Cornischong 07:30, 28 August 2006 (UTC)
Wéi geet et elo mam "Lycée technique du Centre"? [1]/ An: Wuer kënnt "Den neie Lycée" hin? --Cornischong 07:49, 28 August 2006 (UTC)
Setze mer d'Privatschoulen ("International School of Luxembourg" a "Waldorfschoul") bei déi aner a schreiwen et derbäi oder kréien déi en eegent Nascht? --Cornischong 07:53, 28 August 2006 (UTC)
- Den Artikel heescht jo Secondaireschoulen zu Lëzt. Da giff ech och alles draschreiwen vu Schoulen wou e Secondaire drann ass. Op dat elo privat ass oder net. Op elo eng International School an eng Waldorfschoul e Secondaire hunn, wees ech allerdéngs net. --Alexandra 11:31, 28 August 2006 (UTC)
- Däerf dann nëmmen Secondaire heeschen wou grouss Secondaire dropsteet? Ech géing mier fier déi Fro einfach emol d'Alter vun den Schüler an den Schoulprogramm ukucken. Fier mech ass jiddenfalls Secondaire déi 7 läscht Joer vun der Schoul resp, déi 2 läscht vun der obligatorescher. Also um MEN fannen ech Follgendes [2] [3] [4] Ass alles als Definitioun unique et suffisante net berauschend. Hun och elo keng Loscht all déi Gesetzestexter duerchzeliesen déi en ob legilux.lu fënnt. Amen Spanish Inquisition 11:53, 28 August 2006 (UTC)
... net ze vergiessen déi sëlleche "kierchen-no" Privatschoulen wéi Fieldchen, Marie-Consolatrice a wéi s'all heeschen. Och si hunn (och) Secondaires-Klassen. Ech giff alles hei erasëtzen, wat iwwert d'6. Schouljoer eraus geet an nach net Uni/Héichschoul ass.
E weidere klenge Problem blieft de geneeën Numm (kuckt "Lyceée Classique d' Echternach" vs "Lycée classique Diekrich"), wourënner och d'Fro vu Grouss- a Klengschreiwe fällt ("Lycée de Garçons" vs "Lycée de garçons"). Huet een Zäit, dono ze kucken, dh dat ze vereenheetlechen (inklusiv d'Artikelen an d'Linken)?
User:Zinneke
Referenz fir d'Nimm vun de Secondaireschoulen
ännerenEng Lëscht mat de Nimm vun de Secondaireschoulen gëtt et am
Annuaire officiel d’administration et de législation 2000 volume 2.
Ech proposéieren déi Nimm ze benotzen (awer mat de klenge Buschtawen, wéi schonns virdrun décidéiert).
Nëmmen e puer Ännerungen an der Wiki-Lëscht si néideg, z.B. Lycée de garçons Luxembourg ==> Lycée de garçons de Luxembourg.
Da bleift nëmme méi nach eng kleng Pëll ze schlécken:-):
No der franséischer Reegel: Wann e Persounenumm am Schoulnumm steet, da kënnt zwëschent de Virnumm an de Familljenumm e Bindestréch. Also z.B. Lycée hôtelier Alexis-Heck. Dëst steet och esou korreckt an der Legilux-Lëscht.... ausser fir déi Lycéeën déi an de läschte Joren entstane sinn: z.B. Lycée Aline Mayrisch.
FAZIT
1. Ech änneren elo gläich d'Nimm op dëser Säit no der Legilux-Lëscht (awer eenheetlech mat Bindestréch).
2. Wann d'Kommunautéit domat averstanen ass, réckelen ech dann, do wou néideg, déi eenzel Lemmae vun de Schoulen op de Numm wéi en op dëser Säit (BLO) steet.
Also, w.e.g. sot ob der heimadder averstane sidd. --Cayambe 07:32, 3. Okt 2008 (UTC)
- Merci Cayambe fir däi Beméien ëm Kloerheet. Ech sinn averstanen. Fir d'Zukunkt wier et gutt, dat, wat hei driwwer steet, an dat, wat s d'op de Stamminet geschriwwen hues, op der Säit iwwer Schreifkonventiounen festzehalen. Dann hätt een et propper beieneen, an d'bräicht ee sech just nach drun ze halen. --Zinneke 08:07, 3. Okt 2008 (UTC)
- Ok, ech maachen dat, et dauert awer nach e bëssi. --Cayambe 16:51, 3. Okt 2008 (UTC)
- Ëmmer averstanen wann eppes richteg ass --PlayMistyForMe 10:24, 3. Okt 2008 (UTC)
Europäesch Europaschoulen an Deeës
änneren"D'Europäesch Schoule sollten net verwiesselt gi mat den Europaschoulen, sou wéi se haaptsächlech an Däitschland bestinn." - An der Lëscht steet ë.a. "Europäesch Schoul Lëtzebuerg I an II" Ass déi "II" dann elo déi um Tossebierg oder wéi? Oder ass déi "I" déi al (fréier) um verlängerte Glacis, an "II" déi um Kierchbierg? Aus dem Artikel "Europäesch Schoul" ass dat net erauszeliesen. Merci fir eng radikal Opklärung. --Cornischong 14:16, 5. Abr. 2009 (UTC)
Moien,
D'I ass déi um Kierchbierg http://www.euroschool.lu/luxschool/contact_new.php
an d'II ass déi am Tossebierg.http://www.eursc-mamer.lu/ecole_europyenne_luxembourg_ii_en_construction_yo.php
Gär geschitt.
Les Meloures 14:52, 5. Abr. 2009 (UTC)
- Ech fannen et just Schued dat deen Artikel esou am Laf vun der Zäit, vun anere Benotzer verschampléiert gouf, dobäi hat en esou gutt mat perfekten Informatiounen vum Cornischong ugefaangen.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Classique
ännerenDen Technique
ännerenGemëscht Schoulen
ännerenClassique <> Technique
ännerenNom Gesetz vum 29. August 2017[1] gouf aus dem „enseignement secondaire“ (ouni „technique“) den neien „enseignement secondaire classique“. Dat bleift jo da wuel am lëtzebuergeschen „de Classique“. Wat maache mer awer mam fréieren „Technique“ („enseignement secondaire technique“ ? Deen heescht elo „enseignement secondaire général“. Soe mer „de Général“? Mat oder ouni <é>? GilPe (Diskussioun) 06:37, 26. Nov. 2017 (UTC)