Diskussioun:Science Festival

Untitled änneren

Da klappt hei een un wéinst dem Science Festival; a kuerz drop war dat et!
Iwwermar fänkt dat Ganzt un!!! --Cornischong 10:29, 20 Oktober 2005 (UTC)

Wa mer do schonn en eegenen Artikel driwwer hunn, da wier et aus Anti-Reklamms-Grënn vläicht besser, dorauser e generellen Artikel iwwer de "Science Festival" ze maachen an net ee pro Joer - soss hätten all d'Linuxfester och hir eegen Artikel... --Otets 10:41, 20 Oktober 2005 (UTC)

Du hues Recht (obschonns dëse Festival net all Joer ass). Kanns du dat emol a Wierder paken. (Ech schousteren der dat dohinnen, well ech et zäitlech net packen). Merci. --Cornischong 10:50, 20 Oktober 2005 (UTC)

Also, ech soll "Science Festival 2005" op "Science Festival" réckelen an dann den Text ëmänneren, sou datt e sech ëm d'Evenement u sech dréit an net méi ëm eng eenzeg Editioun dovunner? --Otets 13:53, 20 Oktober 2005 (UTC)

Tja, well mer iwwer déi aner Festivalen näischt hunn an näischt wëssen, ass et villäicht vermessen, eppes iwwer dat Ganzt ze schreiwen. A well en nëmmen all zwee Joer ass (oder och net) hätte mer villäicht besser, mer waarden emol drop, wat hei gebuede gëtt. Wat mengs du? Dat, wat do steet war jo me bëssen iwwer de Knéi gebrach ginn, fir iwwerhaapt eppes ze hunn. --Cornischong 14:50, 20 Oktober 2005 (UTC)

Gutt Iddi. Well s du jo dohi wëlls goen, kanns de vläicht op der Plaz ee froen, fir eis Wëssenslacunen iwwer déi aner Festivaler ze schléissen. Duerno kënne mer jo ëmmer nach liicht ëmbauen. --Otets 16:36, 20 Oktober 2005 (UTC)

Hei e puer Bemierkungen: Ech haat eigentlech just um Stamminet nogefrot ob et ee geif steieren wann mer esou eng Aktioun zesummen mat den Kanner/Jugendlechen geifen duerchzeien. No enger kuerzer Diskussioun mat dem Cornischong war dat fir mech gebongt an domat och ofgeschloss. Dat huet fir mech gehescht, ech kann een Atelier um Science-Festival ubidden an dem mer um Lëtzebuergeschen Wikipedia en Artikel iwert den Science-Festival maachen. Dat welt fir mech net automatesch heeschen, dass ech elo dag an nuecht hei um wikipedia henken fir ze gesinn wat evtl. iergend een zu dem Thema soss nach ennerhelt oder schreift. Fun merger seit aus war et och keng Obfuerderung un soss een sech em dat Thema mussen ze kemmeren. Ech gesin jo an, dass ech wat de wikipedia betreft och nach net esou bewandert sinn. Ech hat leider net gemirkt dass den Cornischong no eiser diskussioun een Artikel "Forum Science Festival 2005" oder wei deen och emmer gehescht huet ugeluet hat. Ech fannen dat jo gudd wann et Leit get dei initiativen huelen. Ech denken, et wir fir Iech am einfachsten an mat am weinesten Obwand gewiecht wann dir er lescht Iddi "einfach emol ze waarden wat dann passeiert" vun Ufank un gehaat hät. Wann ech den Prinzip vum Wikipedia richteg verstanen hunn ass jo souwisou keen Artikel irgend wann ofgeschloss oder dierf net mei verännert ginn. Jidereen kann jo awer all Artikel wann hie well esou veränneren wei et him gefällt och wann dat dann erem vun engem aaneren emgeännert get. Bon, ech proposeiern iech wierklech emol ze waarden wat bei dem Atelier eraus kennt. Well ech wees dat jo selwer och net obwuel ech den Atelier maachen. Fill hängt jo awer vun dem Interesse an der initiative vun den Jonken dei kommen of. Wann dat neicht get dann war et een gudden Test an ech schreiwen selwer un dem Artikel an proposeieren den Leit vum Natuermüsee, dei den Science-Festival organiseieren, sie sollen sech den Artikel emol ukucken an ergänzen wann Saachen fehlen. Well schliesslech misten Sie am beschten wessen wat den Science-Festival ass.--Georges Schutz 12:09, 24 Oktober 2005 (UTC)

Iwwer déi, déi waarden an iwwer déi, déi eppes schreiwen änneren

Lo verstinn ech anscheinend net méi, ëm wat et hei geet.

Wat bis elo geschitt ass änneren

Virun e puer Wochen hat ech en Artikel opgemaach iwwer de Science Festivel. Dat war just eppes Kuerzes, fir datt emol "Eppes" soll hei stoen. Deen Artikel hat den Titel "Science Festival 2005", well en ëm de Festival vun 2005 dréint. Aus engem einfache Grond: Well ech näischt iwwer déi Festivale weess, déi vridru waren. Doropshin krut ech zwou Ufroen, firwat net en Artikel iwwer d'Science Festivalen iwwerhaapt.
Ech war e Samschteg am Gronn. Op Grond vu menger Visite hunn ech en Artikel iwwer den Roboter ASIMO geschriwwen an e puer Fotoen derbäigesat. An ech hunn en Artikel ugefaang iwwer de Center Culturel Neumünster.

Wat kënnt ënner dem Stréch eraus? änneren

Wann ech elo dat hei richteg verstanen hunn, ginn ech elo "zréckgepaff", mär solle nach waarden iere mar eppes iwwer de Festival schreiwen.
Wann et dat sollt sinn, dann sat hei: Bis elo huet nach keen e Fanger kromm gemaach, fir an der wiki iwwerhaapt eppes iwwer de Festival ze schreiwen. Ech hat an deem lescht ejoer mat vëllege Leit ze dinn, déi mer der Doud an der Däiwel versprach hunn. Mee vun all deenen huet net 1% eppes vun deem "geschriwwen". Wier et net normal, datt mol ee sech ëm deen Artikel (an iwwer anerer, déi mer hätte kënne erwaarden!!) géif këmmeren. D'Wikipedia besteet net aus Waarden, mee aus "Schreiwen". Ech hätt geduecht, datt ee vun deenen, déi sech ëm de Festival an iregendenger Form "këmmeren" vun der Geleënheet profitéieren, fir de Festival virzestellen. Mee do war keen! Waarde mer lo bis datt een sech um Rimm rappt? Et huet sech nach kee gemellt. Et ass och nach keen op d'Iddi komm, fir déi Atelieren ez beschreiwen, déi e Samschteg a gëschter geschafft hunn. Hätt ech dat och nach solle maachen? Ech hoffen, ech hunn das Ganzt falsch verstanen.

Souwéi ech de Georges verstan hunn, war et d'Iddi fir elo dëse Freiden (28.10) mat de Schüler déi den Atelier vum Linuxday um Science Festival besichen den Artikel iwwert de Festival ze schreiwen, fir hinen d'Iddi vun der fräier Software méi no ze bréngen. --Tomateus 13:03, 24 Oktober 2005 (UTC)

Ech hat dem Georges scho geschriwwen, dat wier jo kee Problem, well e ka mat de Schüler och en Artikel iwwer "Fräi Software" schreiwen, fir hinnen d'Iddi vun der fräier Software méi no ze bréngen. Ongeschriwwen Artikele gëtt et der jo nach genuch. --Otets 13:32, 24 Oktober 2005 (UTC)

Omei Omei, ech well nemmen kengem ob d'Feis treppelen. Den Tomateus huet ganz recht, ech sinn deen den mat der Idee vum Science-Festival komm ass a sinn relative nei um wikipedia. Zur info ech sinn net Organisator vum Festival me nemmen ee Member vun engem vun den villen Equipen (LinuxDays) dei eppes fir deen Festival ubidden (et ginn em 80 Equipen). Eisen Atelier geht iwer fräi Software an fennt nemmen den Fr. 28.10 (ganzen Dag) am Nei Münster stadt. Fir weider Detailer zu eisem Atelier kuck hei Wikipedia:Forum Science Festival 2005. Zu dem "Anonymen" vun uewen, ech denken net dass ech d'Recht hunn um wikipedia iergendeen zereckzepeifen, an dat war och net meng Absicht. Weider ginn ech dem Otets recht, dass ech jo och een aaneren Artikel mat den Jonken ka schreiwen, wat ech dann och evtl. maachen wann hinnen neicht weider zu dem Science Festival artikel afeld. Nach eng kuerz Bemierkung wann et erlaabt ass, ech fannen et ganz schwierech eng diskussioun dei ob villen verschiddenen Platzen ofleeft ze verfollegen. Get et do am wikipedia eng Meiglechkeet fir esou disussiounen ze verfollegen?--Georges Schutz 16:00, 24 Oktober 2005 (UTC)

Alles Schreifweis oder wat?! änneren

Wann et sech nach net sollt erëmgeschwat hunn: Substantiven ginn am Lëtzebuergeschen GROUSS geschriwwen. "wei z.b chimie, physik, iwwert den mensch an info,... " - Fänke mer lo nees bei Adam an Éiv un??! --Cornischong 12:31, 28 Oktober 2005 (UTC)

Zréck op d'Säit "Science Festival".