Diskussioun:Rue de la Toison-d'Or

Letzter Kommentar: viru(n) 8 Joer von Cayambe in Abschnitt Firwat deen Numm

Moien, et gëtt och rue de la Toison-d'Oren an anere Stied, z.B. zu Dijon.
Ech proposéieren emol e Redirect vum Lemma Rue de la Toison-d'Or op Rue de la Toison-d'Or (Stad Lëtzebuerg) ze maachen. Uewen iwwer dem Artikel ka ja dann e Schëld fir d'Homonymie stoen. Wat mengt Dir? --Cayambe (Diskussioun) 10:10, 16. Dez. 2015 (UTC)Äntweren

Oder ëmgedréint: iwwer dëse Lemma, ouni Stad Lëtzebuerg, kéim en Homonymiesschëld? --Cayambe (Diskussioun) 17:40, 16. Dez. 2015 (UTC)Äntweren

Firwat deen Numm änneren

Moien, am Text (an an der Quell op déi e sech bezitt) steet, den Numm wier wéinst der semantescher Proximitéit zum Schluechthaus erausgesicht ginn. Ouni dat wëlle komplett a Fro ze stellen, léich et a mengen Ae méi no, datt dat op den "Uerde vum Gëllene Vlies" zeréckzeféieren ass, dee vum Burgunder Philipp "de Gudde" gestëft gouf, fir säin ënnerguerdenten Adel mat engem blénkegege Gielchen bei der Staang ze halen, an deen ënner den Habsburger zum prestigiéisten - a stackkathouleschen - Uerden a Spuenien (an an de Spueneschen Nidderlanden) gouf. Sou geet déi Bréisseler Avenue de la Toison d'or dorop zeréck. Vläit fënnt een do eppes méi eraus? --Zinneke (Diskussioun) 09:28, 17. Dez. 2015 (UTC)Äntweren

Stëmmt, dat ass eng aner Méiglechkeet, wéi och d'Fanny Beck 2007 dat am ons stad-Artikel mengt. Ech schreiwen déi Interpretatioun den Nowent am Artikel bäi. Wéinst dem fréieren Numm - Rue de l'Abattoir - schéngt mir déi vum Schofsbock méi plausibel. D'Léisung wier natierlech wann een eng Referenz hätt, wann et se da gëtt, an där de Schefferot vun 1954 respektiv 1958 seng Decisioun justifiéiert hätt. --Cayambe (Diskussioun) 11:43, 17. Dez. 2015 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Rue de la Toison-d'Or".