Diskussioun:Nicolas Steffen-Pierret

Letzter Kommentar: viru(n) 13 Joer von Pepe in Abschnitt Literaturangab

Untitled änneren

De LuxLex an den Autorenlexikon 2007 ginn zwee verschidden Geburtsdatummen. Ech hunn dee vum Autorenlexikon hei agesat. Cayambe 19:06, 18. Nov. 2008 (UTC)Äntweren

Literaturangab änneren

Follgend Literaturangab

Eis aal sprooch Nr.1: Een Dokument vun der Lëtzebuerger Sprooch:"Dëm N.S. Pierret fir sein 100ten Doudes-Dag". ISBN 3-906359-10-7

kéint rouheg vollstänneg uegfouert ginn nom Schema:

Fammilljennumm a Virnumm vum Auteur (nom abc), Joer, dann Titel, Säitenzuel, Verlag, Uertschaft, ISBN.

Einfach copy-paste wéi hei am Beispill doriwwer ass vläischt praktesch, mä nët richteg an erliichtret engem d'Opsiche vun dem Dokument nët, wat awer en Haaptzweck vun enger Literaturangab ass.

--Christian Ries 10:01, 23. Jan. 2011 (UTC)Äntweren

Ech hu meng Literaturangab rausgeholl.An dësem Fall weess ech net wéi ech dat soll an Äre Schema setzen. Ech explizéieren : Bei der Publikatioun vun den Éditions Heinen "Eis al Sprooch" handelt et sech ëm Sammlunge vu lassene Blieder an enger klenger Oplag. An der Nummer 1 sinn et eng Auswiel vu sengen Texter mat Kuurzbiographie-Notizen.
--Pepe 10:51, 25. Jan. 2011 (UTC)Äntweren

Gudde Mëtteg Pepe, hei nach emol däin Zitat:

  • Eis aal sprooch Nr.1: Een Dokument vun der Lëtzebuerger Sprooch:"Dëm N.S. Pierret fir sein 100ten Doudes-Dag". ISBN 3-906359-10-7

Wann een "Eis aal sprooch" ënnert http://aleph.etat.lu sicht, fënnt een dat heiten:

Eis aal Sprooch : Een Dokument vun der Lëtzebuerger Sprooch
Luxembourg : Ed. Norbert A. Heinen
Nr.1 : Drop geschlon dass Kwonke fléien
Nr.2 : Een Dram
Nr.3 : D’Geschicht vum Lëtzeburger Collège

Wann ee dann op Nr. 1 klickt kënnt dat heiten:

Steffen-Pierret, Nicolas
Drop geschlon dass Kwonke fléien / N.S. Pierret. De Lëtzeburger Gréchen
Lëtzebuerg : Ed. Norbert A. Heinen, 2002
[4] f. dans une chemise en plastique
(Eis aal Sprooch ; Nr.1)
Eis aal Sprooch
Exemplaire numéroté
Erausgin bei der Geléënheet vum 100. Doudesdag vum N.S. Pierret (1823-1899)
ISBN 	3-906359-10-7

Dat ergëtt formatéiert dat heiten, wat am Artikel kann agesat ginn:

  • Steffen-Pierret, Nicolas, 2002. Drop geschlon dass Kwonke fléien. De Lëtzeburger Gréchen. Lëtzebuerg : Ed. Norbert A. Heinen. Eis aal Sprooch Nr. 1. Erausgin bei der Geléënheet vum 100. Doudesdag vum N.S. Pierret (1823-1899). ISBN 3-906359-10-7.

Soss kanns Du och de Benotzer Fliedermaus froen, hien ass do méi Spezialist ewéi ech. --Christian Ries 14:32, 25. Jan. 2011 (UTC)Äntweren

Merci fir d'Hëllef --Pepe 10:48, 27. Jan. 2011 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "Nicolas Steffen-Pierret".