Diskussioun:Muerd
Leschte Kommentar: viru(n) 5 Joer vum Bdx am Sujet Just eng éischt Skizz
Just eng éischt Skizz
ännerenEch si keen Affekot, dowéinst hunn ech elo just déi Basis-Skizz vun engem Artikel ugeluecht. Ech wollt nach dobäischreiwen:
- "Bei engem Muerd handelt den Täter virsätzlech, dat heescht e féiert den Doud vun engem anere Mësch bewosst a gewollt erbäi. De Muerd gëtt dacks mam Doudschlag (op Franséisch: Homicide involontaire), bei deem den Täter duerch säin Handelen den Doud net gewollt erbäiféiert, mee a Kaf hëlt."
Mee fir mech ass dat alles e bësse konfus, zemools et an deene verschiddene Sprooche verschidden Definitioune schéngt ze ginn. Et wär interessant, wann een, dee sech am Droit besser auskënnt, e bësse méi zu Muerd/Assassinat/Homicide/Doudschlag kéint schreiwen an och mat Quellen aus dem Lëtzebuerger Code pénal kéint beleeën. --Bdx (Diskussioun) 09:47, 20. Jun. 2019 (UTC)