Diskussioun:Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (L)

Letzter Kommentar: viru(n) 3 Joer von Les Meloures in Abschnitt Monument aux morts bei den CFL's Atelieren

Moien, zu de Bornë vun der Voie de la Liberté: Souwäit ech weess, sinn déi all identesch a sti jidfer Kilometer. Just déi zwou an der Stad hei opzeziele fannen ech dofir e bësse glungen. Anersäits wier et nach e bësse méi speziell, se all an den Tabellen hei opzezielen. Vläit ass d'Léisung, am Aleedungssaz zum Artikel ee Saz zu de Bornen ze schreiwen (als eng speziell Zort vu Monumenter), mat do enger klenger Foto an dem Verweis op den Artikel (wou déi aner Fotoen dozou ënnerbruecht kéinte ginn)?

--Zinneke 08:56, 31. Aug. 2011 (UTC)Äntweren

Moien,
Sinn derbäi se ze sammelen, jo plus ou moins identesch, déi eng méi schéin, déi aner méi banal. Ech froe mech wa 543 Monumenter zu Lëtzebuerg sinn, ob déi Bornen net och do mat gezielt goufen?
De User:Corto_lu schrouf, e giff d'Monumenter no an no bäisetzeen, wann en Zäit hätt. Hie schéngt esou eng Lëscht ze hunn... -Z.
Och bosseg datt op der Gare der direkt zwou beienaner stinn, wat do wuel an deene Leit hire Käpp virgaangen ass... Um Bëtong ass Geld verdéngt, hei sécher manner wéi bei der Maginotslinn... --Jwh 09:16, 31. Aug. 2011 (UTC)Äntweren
Wollt nach just soen, hunn déi éischt op der Gare jo mam Artikel verlinkt --Jwh 09:18, 31. Aug. 2011 (UTC)Äntweren
Ok. Wann s de wëlles hues, der méi ze knipsen, wier et fläit z'iwwerleeën, am Artikel eng Galerei oder eng Tabell zu deenen zu Lëtz. unzeleeën? -Z.
Gutt Iddi, bis lo sinn der léicht 5 op Commons, do gëtt dann nach e bësse gesicht. Vläit fannen ech och e bësse Literatur doriwwer, dass d'Fransousen een Timber vu 6,- mat enger Surtaxe vu 4,- Frang dofir erausginn hunn denken ech war dach richteg Geld deemools. Muss mol am Safe kucken op net och esou eppes zu Lëtzebuerg erauskoum, iergendwéi kennt den Timber mir bekannt vir... --Jwh 15:00, 31. Aug. 2011 (UTC)Äntweren
Moien,
Vun där déi zu Pärel beim Musée steet hunn ech e Bild am Tirang. Ech weess just net op déi nodréiglech als Beilag zum Musée dohinner gestallt gouf, oder ob zu se ëmmer zu Pärel stoung. Dofir hunn ech se och nach net an den Artikel gesat. --Les Meloures 15:07, 31. Aug. 2011 (UTC)Äntweren

Monument aux morts bei den CFL's Atelieren änneren

Moien,

Wéi et schéngt steet dat Monument net méi do. Wees ee wuer et higeplënnert gouf. --Les Meloures (Diskussioun) 09:54, 30. Jun. 2020 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (L)".