Diskussioun:Minière Prince Henri

Letzter Kommentar: viru(n) 11 Deeg von Les Meloures in Abschnitt Kantonalbunn

Esch-Barbuerg ?? änneren

Watereng Schmelz war dat dann.? --Les Meloures 22:30, 27. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren

Fichier:EschBarbuerg.jpg

Dës. Brasseur Schmelz Op Barbuerg, spéider Arbed Terres Rouges genannt. --Otets 11:59, 28. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren

Remoien,
Ech ginn dann emol dervun aus datt et d'Brasseur-Schmelz ass, an änneren dat dann op dee Lemma, well een deen och alt soss nach erëmfënnt. --Les Meloures 12:12, 28. Mäe. 2011 (UTC)Äntweren

Agank Rëmeleng änneren

Wann et den topographesche Kaarten nogeet wier nach en zweeten Agank zu Rëmeleng gewiescht. Ass dovun nach eppes gewosst. --Les Meloures (Diskussioun) 22:23, 11. Feb. 2014 (UTC)Äntweren

Jo, Pafert. Ech hunn den Agank awer ni gesinn, deen ass scho viru Joren zerstéiert ginn, et kuckt just nach e Rouer fir d'Loftzirkulatioun eraus. Wéi iwwerall, och hei den Opruff: Ween nach Fotoe vum Agank huet, se sinn hei méi wéi wëllkomm. --Otets ♣ 09:27, 13. Feb. 2014 (UTC)Äntweren

Sollt dat dann net am Artikel ernimmt ginn. Sou wäit wéi ech gesinn ass dee beim Bau vun der Intermusel verschwonnen. --Les Meloures (Diskussioun) 09:54, 13. Feb. 2014 (UTC)Äntweren

Gutt, ech hunn dat elo do ernimmt, mee et wäerten der wuel nach méi gewiescht sinn, just hunn ech keng verlässlech Informatiounen doriwwer. Ee schéngt effektiv um Terrain vun der Intermoselle geleeën ze hunn an deen ass doduerch relativ fréi fort. Mee deen deen ech elo gemengt hu läit net op dem Terrain wou si schaffen, mee just dernieft. --Otets ♣ 10:21, 13. Feb. 2014 (UTC)Äntweren

Nimm vun Exploitanten änneren

@ Otets

D'Joer drop huet PH als Concessionnaire hiert Exploitatiounsrecht op onbestëmmt Zäit, der H-F Luxembourgeois verkaaft.

Wgl, wien ass H-F Luxembourgeois? -- 2a02:a03f:a199:6c00:e0b1:609c:69f7:7bae
H-F Luxembourgeois gëtt dacks als Ofkierzung gebraucht fir d'des Hauts-Fourneaux Luxembourgeois. Ech hu se och mat vollem Numm genannt, ënner "D'Exploitante waren". Et ass déi Gesellschaft, déi och d'Brasseurs Schmelz opgeriicht a bedriwwen huet. --Otets ♣ 11:00, 16. Abr. 2024 (UTC)Äntweren

Kantonalbunn änneren

als Deelsubsid fir d'Linn déi e vun der Kantonalbunn krut

Wat fir eng soll dat da gewiescht sinn? --Les Meloures (Diskussioun) 12:22, 16. Abr. 2024 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "Minière Prince Henri".