Diskussioun:Michel Onfray

Letzter Kommentar: viru(n) 4 Joer von Zinneke

Reng zoufälleg huet nees een Idiot et net kënne loosse, fir e sougenannten Ännerungskonflikt ze provozéieren. Muss dee Waldheini sech langweilen, datt e permanent op der Pirsch ass an direkt op alles schéisse muss, wat do am Gestrüpp wibbelt! -Net ënnerschriwwe Ligen a Frechheete vun der IP 2A01:CB10:8565:5100:4527:15BD:2D53:C83.

Wow, gläich véier Leit hunn d'"Éier", sech als 'Idiot' a 'Waldheini' apostrophéieren ze loossen. Solle mer e Fixspoun zéien, wien de Gewënner ass? --Zinneke (Diskussioun) 16:45, 4. Feb. 2020 (UTC)Äntweren

An déi bescht ass: Den 2A01asw. huet eis dës Pärel hei um 10:12, 4. Feb. 2020‎ dohigesat. Déi éischt Ännerung vun engem Anere war awer eréischt eng gutt Stonn méi spéit (genee um 11:27, vun der IP 87.66.143.131; am jeweilige Versiounshistorique nozeliesen). Bis dohin hat haut als eenzegen den 2A01... um Artikel gezwafft. Hien entwutzt sech deemno iwwer seng eegen Ännerung! --Zinneke (Diskussioun) 17:41, 4. Feb. 2020 (UTC)Äntweren

Op einfacht Lëtzebuergescht gesot et ass e grousst R.......h a Paranoiker.

Leider ass et nnet sou, wéi den Här Zinneke et hei duerstellt: et huet effektiv ee gemengt, hie misst - a schonn zimlech am Ufank vu menger éischter Interventioun - een Ännerungskonflikt provozéieren. Dee Provokateur ass een, dee manifestement och nach d'Méiglechkeet huet, spurlos ze handelen, respektiv sech an der Versiounsgeschicht onsichtbar ze maachen. Ech sinn d'accord, fir dës ganz Säit ze läschen, allerdéngs misst ënner de Wikipedianer geraumt ginn. Do gëtt et der 2-3, déi sech egal wat erlaben an um Enn, vu lauter Onfähegkeet eng sachlech a fundéiert Diskussioun ze féieren, späeren se deen, dee soss näischt gemaach huet, wéi eng valabel Contributioun ze schreiwen (och wann en eventuell e puer Schreiffeeler produzéiert huet, mee d'Sprooch vun de Lëtzebuerger ass net einfach, respektiv ass - wéinstens deemols - net an der Schoul geléiert ginn oder gëtt haut och nach stänneg reforméiert - mee dat ass eng aner Diskussioun). MbG, Vince B.

Dach et ass esou wéi den Zinneke dat seet. Et ass net méiglech Interventiounen am Historique ze verstoppen ouni eng Trace ze hannerloossen. Ee Mënsch dee so eppes hei behaapt ass entweeder domm oder huet vun Informatik keen halwe Su Anung. Et ass duerchaus méiglech datt ee sech selwer en Ännerungskonflikt produzéiert z. B. wann en zwou Ännerungen an engem kuerzen Zäitofstand mécht, da kann de Syteem eventuell fir déi zweet Ännerung nach net ofgespäichert hunn, a mengt dann et wier en Ännerungskonflikt. Et kann och sinn datt een durch Zoufall eng al Versioun opmécht an da kritt een och dee Problem. Dat ass mir och scho virkomm, mä durfir brauch ech kengem deen näischt dermat ze dinn huet Frechheeten ze maachen. Ech versti just net wou dem Frënd Vince (wéi e sech nennt) säi Probleem domat ass. Wann hien domat e grousse Probleem huet da kann en dat just senger eegener Onfähegkeet zouschreiwen. Hie brauch och net dermat d'accord ze sinn fir dës Säit ze läschen, well se steet op der Läschsäit a seng Meenung gëtt iwwerhaapt net gefrot. A wann hie mengt datt wann hien déi aner Benotzer als Idioten duerstellt dat wier super héiflech dann iert e sech an et ass och doutsécher keng valabel Contributioun. --Puscas (Diskussioun) 08:31, 6. Feb. 2020 (UTC)Äntweren

Merci fir déi léif an delikat Äntwert, déi den Nol awer net op de Kapp trëfft (ech hunn dacks Interventioune gesinn, déi net an der Versiounsgeschicht vermierkt goufen). Endlech een, deen d'Leit net direkt als domm, onkompetent oder paranoid vernennt, een, deen als grousse Spezialist vun der Philo allgemeng a vum Michel Onfray am Besonneschen, och nach tëscht valabel an net valabel Contributioune kann ënnerscheeden. Et mécht Freed, séng Landsleit vun hirer beschter Säit kennenzeléieren! Vince B.


(ech hunn dacks Interventioune gesinn, déi net an der Versiounsgeschicht vermierkt goufen).
Ech froe mech wéi dat méiglech ass, fir eppes ze gesinn wat néierens opdaucht. --87.66.143.131 10:50, 6. Feb. 2020 (UTC)Äntweren
PS: nach sou eng valabel Contributioun vum Kolleeg Vince:
Bonjuer! Firwat dann akadeemesch, mat zwéin e? Schreiwe mer lo och poleemesch? A firwat net och ekoloogesch an ekonoomesch? Koooomesch!
Kolleeg häls du wierklech déi aner Leit fir Toperten. --87.66.143.131 10:50, 6. Feb. 2020 (UTC)Äntweren


Bonjour, je m'apelle Andrea Burgoyne et j'ai vu qu'une personne qui rédige des articles sous IP 2A01:CB10:8565:5100:4527:15BD:2D53:C83 et IP 2A01:CB10:8565:5100:A5EE:78D1:D389:FDAD le fait sous le nom de mon père Vince Burgoyne. Je tiens à vous informer qu'à l'heure actuelle aucune autre personne portant le même nom nous est connue et que mon père n'a jamais rédigé un seul mot sur Wikipedia. --80.201.112.91 11:16, 6. Feb. 2020 (UTC)Äntweren

Bon genuch gespillt.
D'Ip 2A01:CB10:8565:5100:A5EE:78D1:D389:FDAD gouf wéinst Frechheeten un aner Mataarbechter, Usurpéiere vun Nimm an allgemengem Ge-Trolls. gespaart --Zinneke (Diskussioun) 13:11, 6. Feb. 2020 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Michel Onfray".