Diskussioun:Michel Hülsemann
Leschte Kommentar: viru(n) 10 Joer vum Les Meloures
Moien, war dat net éiren de Grousspapp vun der Sylvie Hülsemann ? --Les Meloures (Diskussioun) 10:51, 21. Sep. 2014 (UTC)
- Mëtteg, Jo, dat ass gutt méiglech, mä sécher sinn ech net. Dem Sylvie säi Papp huet Felix geheescht (Gebuertsannonce Luxemburger Wort 14/09/1944) an an enger Doudesannonce am LW vum 20.11.1933 steet: "Herr und Frau Michel Hülsemann und ihre Kinder Felix, Elisabeth, Wilhelm, ...". Geet dat duer fir de Lien ze maachen?
- Wéi gëtt dat gehandhabt mam Numm dee verschidde geschriwwe gëtt: Hulsemann oder Hülsemann? Muss den Artikel "Michel Hulsemann" ëmg'ännert ginn? A wéi geet dat? - Merci - --GilPe (Diskussioun) 12:09, 21. Sep. 2014 (UTC)
Ech géif den Numm op Hülsemann réckelen. Hulsemann ass déi franséisch Fassong. Dem Sylvie säi Papp war Professser an der Industrieschoul um Lampertsbierg, vun de Studenten den Hü genannt. --Les Meloures (Diskussioun) 12:34, 21. Sep. 2014 (UTC)