Diskussioun:Maler

Letzter Kommentar: viru(n) 3 Joer von 87.65.83.203

Well de Volume vun engem Sieschter ofhängt vun der Fruucht

Wéi ass dat ze verstoen. E Sieschter ass e Sieschter deen ännert dach de Volumen net.

Ech verstinn den Zweck net sou richteg fir Huelmoossen a Festmoosse wëllen ëmzerechnen. Dat huet jo praktesch kee Wäert. --87.65.83.203 14:56, 7. Okt. 2020 (UTC)Äntweren

E bestëmmte Sieschterkuerf ännert säi Volumen net, awer déi abstrakt Moosseenheet Sieschter huet mol deen ee Volume a mol deen aneren, jee nodeem ëm wéi eng Fruucht et geet. Entweder well deeselwechte Kuerf eng Kéier ofgestrach an eng Kéier geheeft gëtt, oder well een zwee verschidde Kierf huet.
Ech si ganz mat der d'accord, datt Huelmoossen a Festmoossen ëmrechnen ni eendeiteg si kann an dowéinst besser ënnerlooss sollt ginn. An dach gouf fréier sou ëmgerechent, wuel aus praktesche Grënn, wou approximativ Resultater net weider gestéiert hunn, well et gouf souwisou dacks Schramp. --Otets ♣ 17:11, 7. Okt. 2020 (UTC)Äntweren
Vläicht da besser ausgedréckt: Sieschterkierf hate wéinstens zu Lëtzebuerg ëmmer datselwecht Faassungverméigen (op eng Schappe genee), wann de Kuerf gläiche voll war. Wann een 2 sou Kierf hat, dann ass an deen een sou vill gaange wéi an den aneren, oder mengs de d'Kierfmécher hätten déi nëmmen op sou ongeféier gemaach. Wa jo, dann hues de net vill Ahnung vun den alen Handwierker. --87.65.83.203 17:34, 7. Okt. 2020 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Maler".