Diskussioun:Les jeudis des sciences

Letzter Kommentar: viru(n) 15 Joer von Cornischong in Abschnitt de Grevisse

D'Minusküllen an d'Majüskülle wäerten dat jo elo kloerstellen :-)) --Cornischong 19:10, 23. Dez. 2008 (UTC)Äntweren

Grouss a kleng änneren

Moien,
D’Ännerung vu Kleng- op Groussbuschtawen am Numm vum Konferenzzyklus an och der Faculté des sciences asw hunn ech (fir d’zweet) zréckgesat.
Cf. Diskussioun an Decisioun vun der Wiki-Communautéit um Stamminet (Archiv September 2008).
Zur Erënnerung: mir baséieren eis ë.a. op de Petit Robert 2, franséisch Zeitungen wéi ë.a. Le Monde, déi franséisch Wiki an och (nei hei genannt) de Grévisse.
Remarque: Och wann den Numm mat Les ufänkt gëtt duerno alles kleng geschriwwen. Cf. op der fr.Wiki:
Cf och op der lb-Wiki: Les chercheurs luxembourgeois à l'étranger
Schéi Feierdeeg --Cayambe 11:02, 24. Dez. 2008 (UTC)Äntweren


Gudde Moien,
Ech hu perséinlech näischt géint déi korrekt franséisch Schreifweis, déi awer net der lëtzebuergescher Schreifweis entsprécht, déi an der lb:Wiki soll gebraucht ginn.
Vu datt mer hei net an der franséischer Wiki sinn, lichte mer do verschidde Saachen net sou richteg an, wéi z.B dat mer elo hei Nimm zwar an der korrekter franséischer Schreifweis stoen hunn, awer am Mémorial, wou den offiziellen Numm festgehale gouf net esou stinn.
An der Lëtzebuerger Schreifweis ginn Nimm grouss geschriwwen, och wa mer se bei d'Fransouse léine ginn.
Verstinn ech do eppes falsch. Les Meloures 12:02, 24. Dez. 2008 (UTC)Äntweren


Remoien,
Hei geet och vun enger Decisioun am Staminet riets.
Ech gesinn déi néierens, dat heescht datt ni gefrot gi war fir driwwer ofzestëmmen, datt deemno och net ofgestëmmt gouf (no de Regele vun der Wiki), an datt och keng majoritär Decisioun festgehale gouf. Les Meloures 12:11, 24. Dez. 2008 (UTC)Äntweren

de Grevisse änneren

"an och (nei hei genannt) de Grévisse": Et geet mer sou lues op de Geescht, datt mer bei all Geleeënheet hei erzielt kréien, datt dat eou op der franséischsproocheger Wiki steet. Ass dat elo eng Referenz fir déi franséisch Sprooch? Lo gëtt och de Grevisse ernimmt. Firwat kréie mer dann net gesot, wou dat am "le bon usage" steet??? Datt mer äis op de Petit Robert 2 stäipen ass ganz originell, ech hunn deen net. Mee ech hunn den TLF, deen e bësse méi grouss ass: Wou steet et dan deem?? Wou? Da liesen ech, datt mer äis op "franséisch Zeitungen" verloossen. Ausser dem "Le Monde", net "Le monde" kréie mer awer keen Titel ernimmt. Also nach eng Kéier: wou steet dat am Grevisse a wou am TLF? Ech froen dat, well dat Méckegepéils eis bis elo scho laang genuch beschäftegt. --Cornischong 12:36, 24. Dez. 2008 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "Les jeudis des sciences".