Diskussioun:Le Jeudi

Letzter Kommentar: viru(n) 16 Joer von Hburns in Abschnitt Duerch de graffe Beidel

2007 huet Le Jeudi eng Oplo vun 3.200. 2008 huet Le Jeudi eng Oplo vun 11.206. Dat ka jo kaum stëmmen!--Fliedermaus 09:41, 18. Feb. 2008 (UTC)Äntweren

Duerch de graffe Beidel änneren

Ofgesinn dovun, datt déi Zuel vun ënner de Fangerneel staamt, géif et mech mol interesséieren, wat eng Oplo ass. Hei gëtt mat Zuelen hantéiert, ouni datt mol een ugëtt op et d'Drockoplo oder déi verkaaften ass. Egal wat. --Cornischong 09:46, 18. Feb. 2008 (UTC)Äntweren

Déi eenzeg "authentifizéiert" Zuelen zur Oplag an Diffusioun vun der Lëtzebuerger Press sinn déi vum belschen CIM (www.cim.be). D'Editeuren bezuelen zwar fir dee "Service", mee de CIM lieft dervun datt d'Annonceuren dat gleewen wat si festhalen. Déi Zuele sinn also a priori vetrauenswürdeg. De Le Jeudi gehéiert zu deenen Zeitungen déi sech vum CIM iwwerwaache lossen. Där Zeitung hier Spezifissitéit ass een immens groussen Ennerscheed tëscht dem "Tirage" (2006: 11.602) an der "Distribution moyenne" (2006: 3.343). (http://www.cim.be/card/677/fr/auth/) Dat léisst dropp schléissen, datt vill Exemplairen nët verkaf gi mee entweeder gratis verdeelt ginn oder aus de Kiosker zereck kommen a weg geworf ginn. Duerch d'Gratis-Verdeelen brengt eng Zeitung ët fäerdeg, trotz schlechtem Verkaf, gudd bei de Sondagen zu de Liesgewunnegten ofzeschneiden. Wat hinnen da nees erlaabt méi héich Präisser fir Publicitéiten ze froën. -- Hburns 12:29, 18. Feb. 2008 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Le Jeudi".