Diskussioun:Lëscht vun de Bibliothéiken zu Lëtzebuerg

Letzter Kommentar: viru(n) 15 Joer von Zinneke

Moien,

ech hunn dat ënner "Lëscht vun.." lemmatiséiert, well den 'inhaltlechen' Artikel gëtt et jo schons ënner "Bibliothéikswiesen zu Lëtzebuerg".

Mär fällt just an: Wéi ass et mat deenen eenzelne Sectioune vum Institut grand-ducal? Ech weess, datt den IGD-LEO eng gréisser spezialisiéiert Bibliothéik huet, mee net genuch iwwer déi aner Sectiounen. Weess do ee méi? --~~

D'Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques (Institut grand-ducal) huet eng eegen Bibliothéik zesummen mat der Société des naturalistes luxembourgeois op der Kalchesbréck (am Gebei wou d'Führerscheiner ze kréie sinn). --PlayMistyForMe 09:21, 29. Jul. 2008 (UTC)Äntweren


Gewéinlech ass et jo net esou gär gesinn, wann en Artikel mat externe Linken zougebottert ass. Well dat hei eng Lëscht ass, a keen Artikel, a well dat och e Méiwäert huet, hunn ech hei kee Probleem dermat. Allerdéngs wollt ech froen, ob e "Këschtebastler" bei Geleënheet dat ganzt esou 'apake' kinnt, datt dat méi 'propper' ausgesäit, deemno a je 2 Kolonnen stoe giff: lénks den Numm, mat Wikilink, riets de Link no baussen? Merci am viraus! --Zinneke 09:03, 31. Jul. 2008 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "Lëscht vun de Bibliothéiken zu Lëtzebuerg".