Diskussioun:Lëscht vu Konschtwierker an der Gemeng Dikrech

(Virugeleet vu(n) Diskussioun:Lëscht vu Konschtwierker am ëffentleche Raum zu Dikrech)
Letzter Kommentar: viru(n) 3 Joer von 87.65.83.203 in Abschnitt Numm

Untitled änneren

Moien,

zu der Läschpropos:

Och wann et vun enger Internetsäit kopéiert ass, ass et an deem Fall keng Violatioun vu Copyright, well et just eng Lëscht vu Basisinformatiounen ass.

Eebe well et eng Lëscht ass, wier et besser d'Säit "Lëscht vun (de) Konschtwierker am ëffentleche Raum zu Dikrech" ëmzenennen. Wa se - idealerweis - komplett ass kënnt den "de" dobäi, soss net.

An den Artikel Dikrech oder net: Ech géif tendéieren, et als eege Lëscht ze halen (an am Artikel ze verlinken); äänlech Lëschte kinntze jo och fir aner Stied gemaach ginn (oder, wann et de net zevill sinn, eng grouss Lëscht mat "Lëscht vun de Konschtwierker am ëffentleche Raum zu Lëtzebuerg" fusionéieren). Wann et schonn eng mat Weekapelle gëtt, wier eng mat Konschtwierker sécher net schlecht.

D'Lëscht vun de Weekapellen zu Lëtzebuerg kinnt och als Beispill dingen, wéi déi hei auszegesinn hätt: Info zu Auteur, Numm, Joer vun der Kreatioun/vum Opstellen, Plaz, Koordinaten, Umierkungen, eventull Bild (Oppassen: De Sculpteur muss 70 Joer dout dinn, fir dass een dierf eng Foto op Wikipedia setzen).

--Zinneke (Diskussioun) 07:01, 29. Jun. 2020 (UTC)Äntweren

PS Fir ze knäipen:

Gemeng Auteur Numm Joer
Kreatioun/Pose
Plaz Koordinaten Bild* Bemierkungen
Dikrech ... ... ... ... ... ... ...
... ... ... ... ... ... ... ...

Bild nëmme, wann de Kënschtler méi wéi 70 Joer dout ass

Et deet mer leed mä och wann déi Säit lo Lëscht genannt gouf gesinne ech rose wéineg Konschtwierker op där Lëscht. --Les Meloures (Diskussioun) 07:23, 29. Jun. 2020 (UTC)Äntweren

Wann s de se direkt läsche wëlls, kritt deen, dee s'ugeluecht huet, kaum eng Chance, se auszebauen an dës Infoen derbäizesetzen. Kucke mer emol wéi sech dat entwéckelt. --Zinneke (Diskussioun) 07:29, 29. Jun. 2020 (UTC)Äntweren


Numm änneren

Ech proposéieren den Numm vum Artikel op Lëscht vu Konschtwierker an der Gemeng Dikrech ze réckelen. --87.65.83.203 20:15, 13. Okt. 2020 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "Lëscht vu Konschtwierker an der Gemeng Dikrech".