Diskussioun:Keel

Leschte Kommentar: viru(n) 4 Joer vum GilPe am Sujet Schreifweis vum Uertschaftsnumm

Gemeng an Uertschaft - een oder zwee Artikelen

änneren

Bei den Uertschaften a Gemengen schengt et mer wéi wa mer do och ee klengen Dilemma hun.

Un dem Beispil hei: Keel ass eng Uertschaft daat steet jo fest. Et ass och eng Gemeng. Werfe mer déi zwee an een Dëppen daat gelt och vir di aaner. Et ass just eng Prinzipiefro.

Meng Meenung: Wa mer déi aaner Uetschaften an der Gemeng separat beschreiwen firwaat dan nit och den Haaptuert separat, an d'Gemeng als Gemeng beschreiwen. Les Meloures 23:49, 24 August 2006 (UTC)

Du ziels grujeleg Saachen do, mee du hues eigentlech Recht!! Mee: Mer kréien eis Uertschaftsartikele mol net opgefëllt. Wa mer der lo nach 116 méi hunn, gëtt et op eng Manéier méi topeg. Huel emol w.e.g. ee Beispill fir et ze demonstréieren, et muss jo net Kiischpelt sinn.--Cornischong 23:56, 24 August 2006 (UTC)

Ech si mer dees bewosst d'Gemeng Stauséi ¢oder wéi se richteg heescht) get et just als Gemeng An all deen aaneren Atikelen misst wéinsten dra stoen sou wéi ech et elo bei Keel geännert hun: Keel ass eng Uertschaft an Haaptuert vun der Gemeng mat deemselwechte Numm, wëll op der ënneschter Basis ass et emol fir d'éischt eng Uertschaft. Dass een dann daat vermescht ënner dem selwechte Num ass kee Probleem mee am Artikel kéint een awer met Iwwerschrëften d'Gemeng vun der Uertschaft trennen. Ech wees och dass daat wéi bei sou ville Saachen Aarbecht mecht. Et wier jo awer vläicht meeglech, wann deen een oder aaneren mol sou een Artikel am Grapp huet géiw an deem Moment och kucken op daat sech nit einfach maache léisst. Daat muss jo nit maar sinn Les Meloures 00:14, 25 August 2006 (UTC)

Schreifweis vum Uertschaftsnumm

änneren

Offiziell Bezeechnung oder sou wi d'Awunner soen

änneren

Mat Käl hu mer e klengen Dilemma mee mer hun deen mat ville lëtzebuergesche Nimm vun Dierfer.

Mer hun op enger Säit den DLW an déi offiziell Bezeechnungen. Bei villen schengt daat mer och richteg ze sinn. Hei bei Käl ass daat awer nëtt de Fall.

Et seet kee Mensch ech fueren op Keel ausgeschwat laangen eeeeeeee

D'Leit wunnen zu Käl ausgeschwat oppenen äää

Déi Käler gi roosen wann se op Wikipedia hiirt Duerf vernannt kréien. An daat ass menger Meenung no berechtegt. Bei en etlech aaner Dierfer ass et och esou.

Ech wëll domat mol nach guer nët iwwer auslännesch Dierfer mat lëtzebuergesche Nimm schwätzen.

Eppes muss ee sech awer bewosst sinn:

Beim DLW (deen nach an de Kannerschung stecht) a bei der lëtzebuergescher offizieller Schreifweis ass aus Zäitmangel och vill iwwer de Knéi gebrach ginn.

Wann se och zu 98 % richteg leien däerf een déi aaner 2 % Prozent nët ënnert den Dësch kieren.

Käl ass e vun deene 2 %

Duerfir proposéieren ech Keel duerch Käl ze ersetzen.

Dann nach eppes zum Thema Wikipedia wann et scho soll eng Enzyklopedie sinn.

Ass eng Enzyklopedie forcéiert alles stur an onkritesch vun aaneren Dictionnären ze iwwerhuelen oder ass hier Missioun sech selwer opzebauen a seng Artikele selwer ze recherchéieren an en dee Numm ze ginn wéi si mengt dass et richteg ass. Mir hun zwar hei keen Direkter deen all Daag seng Redakteren zesummepäift an da seet wou et lang geet awer e grousse Koup Leit deen och vill weess an deem séi Wëssen hei gesammelt gëtt. VU dass déi lëtzebuergesch Sprooch nach keng Enzyklopedie huet ass daat hei wuel déi éischt a wann héi systematesch korrekt geschafft gëtt da gëtt daat menger Meenung no eng Kéier ee ganz décke Batz, an da komme vläicht déi aaner sech eng Nues voll op Wikipedia huelen. Daat soll eent vun den Ziiler sin. Fir een auslänneschen Ausdrock ze gebrauchen mir sollen a Richtung Target the Best schaffen. An daat erreeche mer nëmmen wa mer alles a Betruecht zéien a korrekt weiderverwärten. Les Meloures 10:37, 3 Oktober 2006 (UTC)

De Les Meloures huet absolut Recht. Ech konnt mech gëscht zu "Käl" selwer dovun iwwerzeegen. Wat méi séier, wat besser. Wéini fänke mer un? --Cornischong 10:47, 3 Oktober 2006 (UTC)


Ech sinn net ganz begeeschtert hei vun. Wa mir dëst zoulossen, da geet déi al Diskussioun nees lass, déi eis an der leschter Zäit vill Nerve kascht huet an näischt bruecht huet. Da mussen och Wellesteen, Gouschtengen a wéi se all heeschen op den Numm, wéi se an der Uertschaft soe geännert ginn an da si mir nees do wou mir net wollte sinn. Mir hunn eis op eng Schreifweis geeenecht a sollen och dobei bleiwen, soss kommen, déi Wëlzer, Klierfer an anerer och nach fir hir Uertschaft ze réckelen a wou geet dat dann nees hinn. Méengt den --Tomateus 10:54, 3 Oktober 2006 (UTC)
Ech kann dem Tomateus nemme recht ginn. Déi Diskussioun war ausdiskutéiert.Johnny Chicago 12:41, 3 Oktober 2006 (UTC)

Hei geet jo nët drëmt wéi se an der Uertschaft soen, hei geet et drëmt wéi jidderen en op der Stross géif z.b. froen geet et hei op Käl oder op Keel (ausgeschat wéi Kehl an Däitschland). Käl ass wéi d'Majoritéit vun de Lëtzebuerger seet. Déi vun do aus der Geigend hunn nach ee ganz aaneren Accent dran. Dovunner geet hei jo awer net riets. Les Meloures 12:46, 3 Oktober 2006 (UTC)

HEI gëtt et erklärt

änneren

Ier mer hei dronke ginn, hätte mer besser, mer liesen emol d' "Introduction à l'orthographe luxembourgeoise" op der Websäit vum CPLL ( http://www.cpll.lu/ ) . Op der Säit ( http://www.cpll.lu/ortholuxs_l.html ) ka jidderee sech déi franséisch oder déi lëtzebuergesch Versioun eroflueden. Op deenen 140 Säite geet och Rieds vum laangen zouenen "e", ëm deen et hei geet. Déi dat duerchgeholl hunn, kënnen hei weider diskutéieren.

No dem Liese misst dat Ganzt kloer sinn. --Cornischong 18:27, 3 Oktober 2006 (UTC)

Hallo där Wikipedianer !

änneren

Käl gëtt normalerweis esou geschriwwen, wéi d'Leit ët am Duerf och schwätzen. Dämmercher an der Stad schwätzen matt hierem schmuelen Mëndchen (wann iwwerhapt) Keeeel aus, a verzéien dobäi de Mond, wéi wann dat een exotescht Déier wäer. Am Minett sinn méi rau Leit an schwätzen vun der Long op d'Zong. Dat heescht, si soen Käl. Kuurz a knapp, awer Käl an nët Keel. Fir datt dat emol festgehaalen ass. Basta ! Wann e 50 Joer Kloos heescht, kann hien nët e beemol Klees heeschen ! OK ! D'Gemeng, d'Strooseschëlder, d'Geschäfter, d'Veräiner, d'Privatleit asw. maachen do nët matt, wann Friemer hieren Numm wëllen änneren. Ët geet elo duer, mäer platzt de Kolli. --SITCK 19:05, 4 Oktober 2006 (UTC)

Ouni Wieder

änneren
 
Käl

Eng Foto als Äntwert !--SITCK 13:29, 16 Oktober 2006 (UTC)

Ouni Biller

änneren

Den neie Lexikon ernimmt och de lëtzebuergeschen Numm vun der Uertschaft "Kayl". A richteg! --Cornischong 13:40, 16 Oktober 2006 (UTC)

A wat seet de Lex R. derzou? --SITCK 13:49, 16 Oktober 2006 (UTC)

Rebelotte - um LOD

änneren

Léif Benotzer vum LOD, wéinst de villen Ufroen iwwer d'Uertsnimm dauert et eng Grimmel, éier mer kënnen äntweren. Merci fir Äert Versteesdemech! Elo och mat de Lëtzebuerger Uertsnimm an de Flëss! Mellt Iech mat Äre Commentairen: lod@lod.lu / (+352) 247 88600 Mat Google Street View kënnt Dir esouguer am LOD d'Uertsschëlter kucke goen! Aner Gewässer a bedeitend Plaze vu Lëtzebuerg an aus dem noen Ausland kommen no. D'Lëscht vun den offiziellen Uertsnimm op Lëtzebuergesch gouf am Mee 2001 vum Conseil permanent de la langue luxembourgeoise an Zesummenaarbecht mat de Gemengenautoritéiten opgestallt.

Käl Eegennumm

DE Kayl FR Kayl

Beispill op Lëtzebuergesch ass Käl esou richteg geschriwwen

--Jwh (Diskussioun) 13:51, 4. Abr. 2017 (UTC)Äntweren

Mat den Uertschaftsnimm steet den LOD nach an de Kannerschong. E féiert nach lauter lokal Varianten an e moosst sech un eng offiziell Lëscht erauszeginn ouni e Mandat dofir ze hunn. Déi Lëscht déi mir gebraucht hunn war déi vum J.Braun aus senger Publikatioun vun 2006. De J.B. War iwwregens och Member vum CPLL. Déi eenzeg Autoritéit déi Uertschafte vernennen däerf ass de Kadaster awer die mengt e wier nëmme fir déi franséisch Nimm zoustänneg obwuel dat net am Gesetz sou preziséiert ass. Iwwermar wësse mer vläicht méi. --Les Meloures (Diskussioun) 14:10, 4. Abr. 2017 (UTC)Äntweren

Conclusioun?

änneren

Käl gëtt als lokal Variant vu Keel an der Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg vum CPLL gefouert. GilPe (Diskussioun) 20:46, 15. Jun. 2020 (UTC)Äntweren

Dat ass alles schéin a gutt, datt mer am "Keel"-Artikel sou vill Fotoen hunn, mee: Wann et der bis méi sinn wéi Sätz am Text, mengen ech, mer sollte bei de Sätz mol bäischëdden, soss kréie mer e Fotoalbum :-) --Cornischong 19:46, 13 Oktober 2006 (UTC)

Den éischten Text ass do, déi aner kommen no ! --SITCK 14:36, 14 Oktober 2006 (UTC)

Wope vu Keel

änneren

Wopen ernimmen

änneren

Ech hu gesinn do ass jo nawell vill iwwer de Wope vu Keel geschwart ginn. Leider fannen ech op dëser Säit kee Pippjeswuert dervun. Wann souvill op aanere Säiten dvu geschwart gëtt an hei steet näischt ass daat schon e bësselche komesch. Black Metall 19:58, 31 Oktober 2006 (UTC)

Lo ass d'Beschreiwung vum Wopen dran domat wir dann emol déi Kou vun de Schinnen. Les Meloures 21:20, 31 Oktober 2006 (UTC)

Gräif oder Léiw

änneren

Am Artikel steet: "De Buergwope weist e schwaarze Gräif op engem gëllenen Ënnergrond". Ass net richteg! Um Sigel vum Simon den I vun 25.06.1297 ass ee Léiw dran an kee Greiff (op. cit., p. 53: Rsc. s'est trompé en voyant un lion sur le sceau de Simon de Kayl, 1295, écu au lion brisé d'un bâton brochant.) Ob der HomePage vum www.historiakayldall.lu bei der Geschicht fënnt een dat ganz genau! Aus dem Buch vum Här Klein! --194.154.200.108

Eent muss een zouginn, dat Déier um Sigel huet keng Flilleken. Vu datt vill historesch Beschreiwunge sech anscheinend just op aner Beschreiwunge mee net op Sigele bezéien, wollt ech froen op s du net Fotoe vu weider Sigelen hues, wou dat Déier vläit besser z'erkenne wier? --Otets ♣ 12:18, 20. Okt 2008 (UTC)

Am Artikel steet am Kloertext (!) "De Buergwope weist e schwaarze Gräif op engem gëllenen Ënnergrond (gëtt momentan iwwerpréift, cf. Diskussiounssäit)." Momentan ass scho vill Waasser d'Keelbaach erofgelaf a mer wësse momentan nach net wat de momentane Fuerschungsstand ass. --Cornischong 05:36, 26. Okt. 2009 (UTC)Äntweren

Gouf erausgeholl. Momentan ass just de Sigel vum Simon von Kayl bekannt, op deem keng Faarwen ze gesi sinn, an deen an engem Zoustand ass, bei deem en net méi gesäit op et e Gräif oder e Léiw ass.
Am Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg steet iwwer de Wope vu Keel:
Il s'agit d'une des versions des armoiries portées par les anciens seigneurs de Kayl, bien qu'il ne s'agisse probablement pas de leurs armes primitives; d'après certains auteurs ces dernières auraient été:
Un Lion brisé d'un bâton (en bande?) (émaux inconnus).
Les Meloures 11:36, 26. Okt. 2009 (UTC)Äntweren
Hei driwwer gëtt historiakayldall.lu als Source uginn. Di Säit gëtt et net méi, ech hu se awer am Archiv vun der Waybackmachine fonnt. Kuerz zesummegefaasst soe se do, datt verschidden Auteure de Sigel vum Simon I. vu Käl wuel net su genee gekuckt hätten an datt et sou zu Feeler koum, an aner Historiker hätten da just nach dee Feeler ofgeschriwwen ouni jee de Sigel oder e Wopebuch selwer gesinn ze hunn. Dee Wopen dee mär am Artikel hu weist keng Filleken, also ginn ech dem Auteur bei historiakayldall.lu Recht, dee sech dozou nach op dräi aner Sigele bezitt, di och alleguerten e Léiw weisen. E Léiw ënner engem Schréistaf, wat op eng Niewelinn oder méi eng jonk Linn hiweist. Effektiv geet den Auteur bei historiakayldall.lu dovun aus, datt de Seneschall Simon I. vu Käl e Bouf vum Theoderich I. vun Zolwer war (dee selwer en Neveu an Ierwe war vum Alexander vun Zolwer dee keng Kanner hat) - säi Brudder Theoderich II. ass zu Zolwer bliwwen an de Simon I. krut e puer Häff vum Käler Besëtz vun der Famill. Vu Beetebuerg (wi de Medinger gemengt huet) kommen eréischt d'Nofolger vun den urspréngleche Käler Hären Simon I. a Simon II., nämlech de Simon III. (Neveu vum Simon II. vu Käl a Bouf vum Jang vu Beetebuerg) an den Thielmann (e Beetebuerger deen dem Simon III. seng Käler Buerg an di puer Häff als Pand krut an zanterhier Ritter vu Beetebuerg an Här vu Käl ass). D'Foarwe vum Wope sinn net bekannt, well di eenzeg Source just Sigele sinn, mee wann een dovun ausgeet datt d'Wope vun Zolwer hier kënnt da misst de Fong gëllen an de Léiw schwoarz si wi zu Zolwer. Beim Schréifuedem dogéint muss ee komplett roden, den Auteur vun historiakayldall.lu schléit rout vir, well blo scho vun der Déifferdenger Niewelinn geholl gouf a sëlwer vun der Suessemer, Aansebuerger a Schëndelser Niewelinn. --Otets ♣ 17:13, 3. Okt. 2017 (UTC)Äntweren

Téiteng oder Uewertéiteng

änneren

"Keel war laang Zäit en aarmt klengt Bauerenduerf, wéinst senger Lag matzen an enger no Norden ëmmer méi wäitleefeger Wisen- an Akerfläch och Sëtz vun der Gemeng mat selweschtem Numm, zu deer ausser Keel selwer och nach Téiteng a Rëmeleng gehéiert hunn."
Misst aplaz vun "Téiteng" net "Uewertéiteng"~do stoen? Am Mémorial n° 38 vun 1891 steet: La section de Rumelange, y compris le hameau de Haut-Tétange, est détachée de la commune de Kayl dont elle fait actuellement partie, et érigée en commune distincte sous le nom de commune de Rumelange.
D'Uertschaft Téiteng gehéiert jo och elo nach zu der Gemeng Keel.--Fliedermaus 13:26, 20 Juni 2007 (UTC)

Et misst net Téiteng oder Uewertéitung sinn, mee Téiteng an Uewertéiteng. Uewertéiteng dierdft méi no bei Rëmeleng geleeën hu wéi bei Téiteng. --Otets ♣ 12:23, 20. Okt 2008 (UTC)

Tsal:

D'Awunnerzuel war deemols 5750 Séilen, wouvun 3250 Awunner zu Keel gehéierten.

Ech verstinn dat dote net. 81.246.204.145 15:29, 20 Juni 2007 (UTC)

Déi aner ware vun Téiteng. Dat war e bësse schlecht ausgedréckt, ass dofir mëttlerweil och verbessert ginn. --Otets ♣ 21:41, 19. Feb. 2009 (UTC)Äntweren


Moien,
Duerch Gesetz vum 27. Juni 1891, ass de 25. September 1891 aus der Sektioun Rëmeleng (Uewertéiteng abegraff) vun der Gemeng Keel déi eegestänneg Gemeng Rëmeleng ginn.

Wéi komme mer hei op de 25. September. Les Meloures 19:24, 20. Feb. 2009 (UTC)Äntweren

Et wäert wuel heiwéinst sinn: "Gegenwärtiges Gesetz tritt erst neunzig Tage nach seiner Veröffentlichung in Kraft." --Otets ♣ 20:11, 20. Feb. 2009 (UTC)Äntweren

An dat ass dann de 25. September????? Les Meloures 21:16, 20. Feb. 2009 (UTC)Äntweren
Hunn net nogezielt. --Otets ♣ 22:12, 20. Feb. 2009 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Keel".