Diskussioun:Joseph Neuman

Leschte Kommentar: viru(n) 2 Joer vum Zinneke

@Benotzer:Corto_lu: Moien, zwou kleng Froen zu der Ausso "Hie war 1905 Deputéierte vum Bezierk Dikrech": 1. War en dat just dat Joer, oder gouf en do gewielt, resp ass nogeréckelt? Bis wéini wier en et da bliwwen? 2. Gouf et dunn nach keng Andeelung an d'Walbezierker wéi mer se haut kennen (deemno wier dat de warscheinlech éischter de 'Bezierk Norden')?

Merci a bescht Gréiss,--Zinneke (Diskussioun) 08:37, 29. Abr. 2022 (UTC)Äntweren

Moien, aus dem Artikel an der Bürgerzeitung (cf. Link an de Referenzen) geet ervir datt en an deem Joer Kandidat fir en neit Mandat war, an deemno scho virdrun Deputéierte war. Et war och net de Bezierk mä de Kanton Dikrech. Ech hunn dat elo verbessert.
D'Walbezierker wéi mer se haut kennen, koume jo réischt 1918 oder 1919. --Les Meloures (Diskussioun) 09:08, 29. Abr. 2022 (UTC)Äntweren
Et ass net sou kloer: am Nicolas Als et Robert L Philippart, La Chambre des députés: histoire et lieux de travail, Luxembourg, Chambre des députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994 steet hien wär Deputéierten vun 1905 bis 1911. Et sin Kantonen an net Bezierker: merci fir d'Verbesserung. Corto lu (Diskussioun) 10:21, 29. Abr. 2022 (UTC)Äntweren
An der Bürgerzeitung vun deemools steet: Diekirch. - (4 Sitze). Es kandidieren die austretenden Deputierten Fr. Frangois, Bürgermeister, J. P Bemmers, Advokat in Diekirch, Joseph Neumann Notar in Feulen u. die neuen Kandidaten Mich Brehek, Eigentümer in Bleesbrück, Hoffmann, Tierarzt in Ettelbrück, Koob, Eigentümer in Burscheid, Meris, Unternehmer in Colmar⸗Berg. E ka jo nëmmen ausstretend sinn, wann et et scho war. Do kënnen den Als an de Philippart och näischt drun änneren. --Les Meloures (Diskussioun) 11:25, 29. Abr. 2022 (UTC)Äntweren
Merci fir Är Recherchen. Steet emol elo am Text. Wann eng Kéier eE Spuere vu senger Presenz an der Chamber virun 1905 fënnt, kann dat jo allzäit aktualiséiert ginn.--Zinneke (Diskussioun) 12:20, 29. Abr. 2022 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Joseph Neuman".