Diskussioun:Johann Philipp Bettendorff

Letzter Kommentar: viru(n) 12 Joer von Zinneke

Moien,

Ech wees jo net, vläit sinn et och meng krank Aen, mä d'Joreszuel iwwer der Entrée vun där Häibchen schéngt mir 1636, wann net souguer 1686 ze sinn? --Jwh 08:36, 8. Sep. 2011 (UTC)Äntweren

Moien et schéngt mir es och wéi wann et 1636 wier.
D'Haus misst deemno nodeems de Bettendorff op d'Welt koum (1925) eng Kéier kommplett ëmgebaut gi sinn, oder nei opgeriicht. Et ass kaum unzehuelen datt just déi viischt Dier erausgerappt gouf fir en Datum driwwer ze setzen. Déi Notioun Gebuerthaus wier menger Meenung no deemno mat Virsiicht ze genéissen. --91.180.62.62 08:59, 8. Sep. 2011 (UTC)Äntweren

Al Haiser goufen ëmmer nees ëm- an ausgebaut, deels, well se deelweis zerstéiert goufen, deels, fir ze vergréisseren/moderniséieren. Gutt méiglech, datt do eng Haip stoung, déi, nodeem de Papa Bettendorf dichteg geschafft hat, vergréisssert oder duerch eng méi grouss ersat gouf, a wou dann d'Joreszuel 1636 an d'Dierrumm agemeeselt gouf. "Gebuertsplaz" wier wuel méi akkurat an deem Fall. --Zinneke 10:07, 8. Sep. 2011 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "Johann Philipp Bettendorff".