Diskussioun:Imperativ
Leschte Kommentar: viru(n) 16 Joer vum Les Meloures am Sujet Ausnamen
Ausnamen
ännerenAusname si bei de Verben: ginn, goen, hunn, sinn, doen/dinn, goen, stoen:
ginn | goen | hunn | sinn | doen/dinn | goen | stoen |
---|---|---|---|---|---|---|
gëff | géi | hief | sief | do/déi | géi | stéi |
gitt | gitt | hieft/hutt | sieft/sidd | dot/ditt | gitt | stitt |
D'Verb "goen" ass zweemol an dëser Lëscht opgefouert. Ass dat esou gewollt oder ass et e Feeler?
--Pecalux 07:22, 23. Nov. 2008 (UTC)
- Dat schéngt en dueblen Emploi ze sinn. Ech huelen et emol aus der Këscht eraus, an änneren d'Këscht och e bësselchen. Les Meloures 08:30, 23. Nov. 2008 (UTC)