Diskussioun:Iernzener Sandsteen

Letzter Kommentar: viru(n) 12 Joer von Cayambe in Abschnitt Untitled

Untitled änneren

Moien,

weess een op dee Steen besonnesch geomorphologesch Eigenschaften huet, fir vum "normale" Lëtzebeurg Sandsteen ënnerscheet ze ginn, oder heescht dee just esou, well e vun engem Steebroch vun do kënnt? --Zinneke 14:47, 18. Jan. 2012 (UTC)Äntweren

Salut, elo just hunn ech den Artikel an deem Sënn komplettéiert, dat mat Hëllef vun der Websäit vun der Firma Feidt, déi d'Carrière zu Iernzen exploitéiert. Vum Chef vun der Firma krut ech virun e puer Méint erkläert, datt d'Fassad vum groussherzogleche Palais mat Steng vun Iernzen restauréiert gouf... hunn dat awer net dragesat, well mer duerfir eng Referenz brauchen.
Flott wier et och Referenze fir déi aner Bauten ze hunn. Mee dat ka jo nach no a no kommen. --Cayambe 17:05, 18. Jan. 2012 (UTC)Äntweren
Salut, dat hunn ech och bei der Firma Feidt gelies, eng Aner Referenz hunn ech net.--Fliedermaus 17:18, 18. Jan. 2012 (UTC)Äntweren
Stëmmt, ech setzen déi Referenz elo gläich bäi. Spéider kann se jo duerch eng Ref. op Pabeier ersat ginn. --Cayambe 17:36, 18. Jan. 2012 (UTC)Äntweren

Tipptopp, merci un allen zwéin! --Zinneke 17:39, 18. Jan. 2012 (UTC)Äntweren

Op der Websäit vun der Firma Feidt stinn och nach d'Buerg an d'Schlass aus der Fiels an d'Buerg (Schlass?) vu Beefort. Ech hunn déi emol net derbäi gesat, well mer hei eng Onsécherheet schéngt ze sinn... --Cayambe 17:54, 18. Jan. 2012 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Iernzener Sandsteen".