Diskussioun:Héich Konstruktiounen zu Lëtzebuerg

Letzter Kommentar: viru(n) 11 Joer von Otets in Abschnitt Untitled

Untitled änneren

Moien,

Kann een e Sendepoteau an eng Bréck als "Gebai" bezeechnen ? Wier "Bauwierker" net besser am Lemma?

dach. Z.

Nach eng Fro: Wéi héich muss eppes sinn datt et "héich" ass ?

ech giff soen, wa mer d'Dose voll hunn, hale mer op. Z.

--Fliedermaus 08:32, 21. Abr. 2009 (UTC)Äntweren

Moie, mir gefält de Begrëff "Bauwierker" besser, da kann een och eng Ennerdeelung "Gebäier", "Brécken", "Masten" maachen asw. ciao --Sultan Edijingo 09:03, 21. Abr. 2009 (UTC)Äntweren

Déi Lëscht schéngt mer zimmlech willkürlech. Ech hunn emol 3 Gebaier dobäigesat, déi sécher do dra gehéieren, hunn awer keng Anung, wat do nach esou feelt (Héichiewen, Waasser- a Kierchtierm, ...?). Gëtt et do keng komplett Quell? --Zinneke 10:14, 23. Sep. 2009 (UTC)Äntweren

Moien,
Déi zwéin Tierm vum Europäesche Geriichsthaff an déi zwéin Tierm vum Parlament. Sinn dat net eventuell déi selwecht déi gemengt sinn. An deem Fall géif et mMn duergoe wann se eng Kéier an der Lëscht stinn. --Les Meloures 08:29, 7. Abr. 2011 (UTC)Äntweren
Moien, Neen, dat si verschiddener: déi vum Parlament sinn déi lénks a riets vum Bd Kennedy, wann ee vun der Rouder Bréck kënnt (hei ze gesinn); déi vum Justizhaff sinn déi gielzech-ocker, ëstlech vum "eelsten" Deel vum Geriichtshaff (Foto: hei.
Ok, merci fir d'Äntwert. --Les Meloures 12:48, 7. Abr. 2011 (UTC)Äntweren

De Site Emporis gëtt aner Héichte fir d'EU-Geritstierm an d'RBC Dexia un, an en huet den Hilton op der Lëscht. Iwwregends kéint een hei jo den Zousaz "Dexia" elo sträichen. Wee kennt sech do aus? --Otets 16:15, 11. Dez. 2012 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "Héich Konstruktiounen zu Lëtzebuerg".