Diskussioun:Fonds national de soutien à la production audiovisuelle

Letzter Kommentar: viru(n) 13 Joer von Roude Leiw2001 in Abschnitt Direkter virun 1999 ?

Direkter virun 1999 ? änneren

Virun 1999 schéngt de Filmfong keen eegenen Direkter gehat ze hunn: "In 1999 Fonspa was restructured as an independent entity with its own director, Guy Daleiden."(Quell: Paperjam)--Fliedermaus 08:12, 22. Jun. 2010 (UTC)Äntweren

Merci fir de Lien. Esou wéi een den Text liest, géif een effektiv soen, datt de Fonds eréischt 1999 "säin eegenen" Direkter krut, also virdru keen hat. Allerdéngs seet d'Gesetz vun 1990:

Art. 6. Le fonds est administré par un comité-directeur composé de 5 membres qui sont nommés et révoqués par le Grand-Duc. [...] Parmi les quatre représentants de l'État, le Gouvernement en conseil désigne, sur proposition du ministre des affaires culturelles, un président qui est nommé et révoqué par le Grand-Duc. [...]

Et gouf also e President vun engem Verwaltungsrot.
Ech géif soen, datt dee Saz aus dem Paperjam sech drop bezitt, datt de Fonds vun 1999 un net méi administrativ un de CNA ugebonne war. Deen Deel ass nämlech aus dem Gestez vun '99 verschwonnen. Ass et méiglech, datt de Jean Back, vun 1989 un Direkter vum CNA, och President vum Fonds bis 1999 war?

--Roude Leiw2001 08:36, 22. Jun. 2010 (UTC)Äntweren

Problem geléist no laanger Sich - et war de Guy Dockendorf.

--Roude Leiw2001 09:36, 22. Jun. 2010 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "Fonds national de soutien à la production audiovisuelle".