Diskussioun:Festungstuerm

Letzter Kommentar: viru(n) 14 Joer von Les Meloures in Abschnitt Spuenesch Tiermercher

Spuenesch Tiermercher änneren

Op menger To-do Lëscht steet och en Artikel iwwer déi Tierm - dofir och den interne Lien am Pluriel, well ech net fir all eenzelnen Tiermchen een Artikel wëll schreiwen. Ech hunn déi Bezeechnung och bis elo nëmmen am Kontext vun der Festung begéint, dofir kënnt deen Artikel dann och an déi Kategorie. --Roude Leiw2001 15:16, 23. Mäe. 2010 (UTC)Äntweren


Salut,

Kuck emol dat do w.e.g. Les Meloures 15:34, 23. Mäe. 2010 (UTC)Äntweren


OK, merci, hat deen net gesinn! Ech wëll och elo net ze vill un bestehend Artikele fréckele goen, ma vu datt am Artikel selwer och vun TiermerchER rieds geet, kéint een en och esou nennen. Ech maachen déi Propose emol op där betreffender Diskussiounssäit. Wann ech dech schonn hei "gesinn": wat si Wikizeechen? Da maachen ech déi déi nächste Kéier mat.

Merci!


Salut,

Kuck einfach an de Verbesserungen déi gemaach goufen. Et dréint sech ëm de spezielle klenge Stréchelchen '. Dee soll ëmmer gebraucht ginn amplaz vun ´oder ’ oder zu allem Iwwerfloss och nach ` .

Wann dee gebraucht gëtt gi Wierder wéi z.B d'Maschinn net ausernee gerappt wann hannen um Saz keng Plaz méi ass, mä zesummen an den nächste Saz getässelt.

Am Fall vun den aneren Zeeche kann dat hei hannen um Saz virkommen:

xxxxxxxxx xx d´
Maschinn

Les Meloures 16:49, 23. Mäe. 2010 (UTC)Äntweren

Zréck op d'Säit "Festungstuerm".