Diskussioun:CFL 2200

Letzter Kommentar: viru(n) 13 Joer von Robby in Abschnitt Den Numm an d'Stéckzuel an d'Numeréierung

Ech kann Ierch keng enzel Source fir den Numm "Computermaus" ginn, ech kann Ierch jüst soen dat op den däitschsproochegen Foto Saiten zu deser Serie jüst nach vun "Computermaus" geschwat gëtt. Ech änneren den Ausdrock "Volléksmond". --Luxmaster051 12:02, 14. Abr. 2010 (UTC)Äntweren

Den Numm an d'Stéckzuel an d'Numeréierung änneren

  • Am Lemma an am Text 2200. An der Këscht 2000
  • An der Këscht 2201-2216. Mat enger Stéckzuel vu 14. Irgendwou ass do e Lach dran. Am Text steet dann erëm 2201 bis 2215.
  • Am Text ënne sinn se dann 2013 bis 2016 fir eng Serie vun 10 Stéck numeréiert. E bësselche komesch.

Les Meloures 09:17, 10. Okt. 2010 (UTC)Äntweren

Di zweet Serie vun Automotricen gett grad geliwwert. Ech probéiren se ëmmer um aktuellsten Stand ze halen.

--Luxmaster051 14:28, 22. Nov. 2010 (UTC)Äntweren

Moien,
Tip top. Ech hat gemierkt datt do Eppes am lafe wier. Ech hunn nach eng intressant Lokomotiv entdeckt. Déi hänkt un engem Steierwon an huet anscheinend selwer kee Führerstand. Ech setzen se deemnächst eng Kéier op deng Diskussiounssäit, da kanns de der dat Dénge mol ukucken. Ech hu bis elo net erausfonnt watereng et ass. --Les Meloures 14:56, 22. Nov. 2010 (UTC)Äntweren


Firwat gëtt d'Schabloun mat der Navigatioun vum Lëtzebuerger Zuchmaterial net korrekt ugewisen? --Luxmaster051 10:08, 21. Abr. 2011 (UTC)Äntweren

Moien,
Ouni elo weider nogekuckt hunn, wees ech aus Erfarung, datt an esou Fäll meeschtens iergendwou am Text e falscht oder iwwerflëssegt Zeechen agebaut ass, an datt d'Schabloun dodrops reagéiert. --Les Meloures 10:59, 21. Abr. 2011 (UTC)Äntweren
Gefléckt, et huet enn "/" am Tag <references /> gefeelt. --Robby 12:22, 21. Abr. 2011 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "CFL 2200".