Diskussioun:Belsch Exilregierung (1914)
Salut!
Wann et da keng <<"Exil"-Regierung>> war, firwat gëtt net einfach <<Regierung>> geschriwwen? An a fir sech war d'Situatioun jo och net vergläichbar mat 1940-44, wou de ganzen Territoire vun der Belsch besat war: am Éischte Weltkrich hunn d'Belsch nach ëmmer de Westhoek (Veurne/Furnes, De Panne/La Panne, ...) gehalen. D'Regierung hätt, am Prinzip, op belschem Territoire kënne bleiwen. Also plaidéieren ech fir eng couragéiert Ännerung, a mer behalen de Begrëff "Exilregierung" just fir 1940-44!
Gutt Nuecht, R.D.
- Gutt gesinn, mer maachen dat, a mer behale just déi aner déi mer nach net hunn.
- Lo waarde mer drop wien et mécht a wéi mer déi zwou Regierunge vun där Zäit ënnert een Hutt kréien.
- All valabel Propositioun ass wëllkomm.
Gutt Nuecht bis da soss eng Kéier, ReBe.