Diskussioun:Arbre du Ténéré

Leschte Kommentar: viru(n) 10 Joer vum Bdx am Sujet Zort Bam

Zort Bam

änneren

Ech hunn Schiermakazie an Akazie geännert. Et schéngt net kloer ze sinn, wéi eng Aart et genau ass (cf. Referenzen). --Bdx (Diskussioun) 10:22, 22. Jan. 2014 (UTC)Äntweren

Moien och,
Den Ausdrock Schiermakazie seet souwisou näischt iwwer d'Aart aus. Et ass en Ausdrock fir eng Form (Habitus) vum Bamm unzeginn. Bei de Kiferen ass dat Beispill flagrant: De pin parasol aus dem Midi gëtt op anere Plaze 35 m héich an huet eng schmuel Kroun. Wat den Ënnescheed vun der Aart soll sinn do ass derzou ze soen datt raddiana eng vun den zwou Subspecies vun tortilis ass. --Les Meloures (Diskussioun) 11:09, 22. Jan. 2014 (UTC)Äntweren
Du kenns offensichtlech méi dovu wéi ech; et war keng Source uginn an déi, déi ech fonnt hunn, ginn 2 verschidden Nimm. Änner wgl selwer, wat geännert muss ginn. --Bdx (Diskussioun) 12:14, 22. Jan. 2014 (UTC)Äntweren
Ech wollt u sech näischt änneren. Meng Bemierkung war just geduecht fir ze soen datt dat scho richteg war fir der Akazie de Schierm ewechzehulen. Ech kucken, ob ech nach eppes fannen, mä bis elo schéngt alles ob raddiana hinzeweisen, wat anscheinend déi méi rar Subspecies ass. Déi aner schéngt iergendwou (ënner de Blieder, normalerweis ?) kleng Hoer ze hunn, ech hunn awer do och nach net erausfonnt wou déi solle sinn. Den Henri Lhote seet et wier eng raddiana wat jo, well dat eng Subpecies ass, net ausschléisst datt et gläichzäiteg eng tortillis ass, setzen ech dat awer mol dran. --Les Meloures (Diskussioun) 13:12, 22. Jan. 2014 (UTC)Äntweren
OK, merci fir d'Erklärung! --Bdx (Diskussioun) 13:14, 22. Jan. 2014 (UTC)Äntweren
Zréck op d'Säit "Arbre du Ténéré".